Trotz der massiver militärescher a finanzieller Hëllef aus dem Weste kontrolléiert Moskau weiderhi ronn e Fënneftel vum ukrainesche Staatsgebitt. D‘Kämpf ginn ongebremst weider.
Den NATO-Generalsekretär Jens Stoltenberg huet sengersäits an engem Videomessage d‘Ukrain an hir Alliéiert dozou opgeruff, d‘Hoffnung net ze verléieren, och wann d‘Situatioun um Terrain ganz schwiereg wier.
London huet haut iwwerdeems weider militäresch Hëllefen an Héicht vun ëmgerechent 287 Milliounen Euro a ronn zéng Milliounen un humanitärer Hëllef fir d‘Ukrain annoncéiert.
Uechter d‘Welt si fir haut eng Rei Evenementer geplangt, fir Eenegkeet mat der Ukrain ze weisen, dorënner Manifestatiounen an Däitschland, Groussbritannien a Polen. An och hei am Land fënnt de Mëtteg e Solidaritéitsmarsch an der Stad statt, organiséiert vun LUkrain.