Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Khruangbin - Hold Me Up (Thank You)

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Wladimir Putin op Visitt beim Xi Jinping

Russland a China

Wladimir Putin op Visitt beim Xi Jinping

De russesche President Wladimir Putin huet eng zwee Deeg laang Staatsvisitt a China ugefaangen. Hien hat um éischten Dag direkt Gespréicher mam chineesesche Staatschef Xi Jinping.

auto_stories

1 min

Wladimir Putin a Xi Jinping | © picture alliance / SvenSimon-TheKremlinMoscow
Foto: picture alliance / SvenSimon-TheKremlinMoscow

Géint Russland ginn et zënter dem Ufank vum Krich an der Ukrain wäitreechend Sanktioune vum Westen. Russland brauch China also als Handelspartner. 

An Zäit vun enger Woch huet Russland an der Ukrain 278 Quadratkilometer kënnen erueweren. Dat huet d‘AFP ausgerechent. Et ass de gréissten territoriale Gewënn zënter annerhallwem Joer.