Déi russesch Noriichtenagence beschreift de Xi als gudde Frënd vu Putin. Offiziellen Ulass vum Putin senger Visitt ass de Sommet vun der Seidestrooss. Do geet et ëm déi laangfristeg Pläng vu China fir seng Infrastrukturen an Investitioune global als Alternativ zur westlecher Entwécklung auszebreeden.
Um Sommet a China solle Vetrieder aus 145 Länner deelhuelen.