Fir Russland wier et besser, wann den Joe Biden déi amerikanesch Presidentschaftswale géif gewannen. Dat sot de russesche President Wladimir Putin an engem Interview.
Déi aktuell Regierung hätt zwar geféierlech a falsch Vuen, mee de Biden wier den däitlech méi erfuerene Politiker vun der aler Schoul. Virun allem wier hie méi berechebar. De Putin huet och Kriticken um Gesondheetszoustand vum Biden zeréckgewisen. Bei de Gespréicher zu Davos am Joer 2021 wier him näischt esou opgefall.