De Kevin Warsh gëllt als Trump-Unhänger. D‘Propositioun vum Donald Trump muss nach vum Senat ofgeseent ginn. Den aktuelle sougenannte FED-Chef, Jerome Powell, ass nach bis Mee am Amt.
Firwat wëllt den Trump de Powell lass ginn?
De Kevin Warsh war schonn tëschent 2006 an 2011 Member vum Federal Reserve Board, also dem héchste Gremium vun der US-Zentralbank. An der Lescht huet hie sech fir vill méi niddereg Zënsen ausgeschwat.
Dat ass genee dee Punkt, op deem den Donald Trump an den aktuellen US-Zentralbankchef Jerome Powell bis elo net laanschtenee koumen.
Den US-President huet ëmmer nees gefuerdert, datt d’Noutebank de Leetzëns misst staark erofsetzen, fir déi amerikanesch Wirtschaft unzekierpen.
Am Wuel vum Vollek, net vu Politiker
D’FED, wéi d’US-Zentralbank kuerz genannt gëtt, ass där Fuerderung awer net wierklech nokomm an huet mat liichte Baisse geschafft, mam Argument, datt ee fir d’us-amerikanescht Vollék a net fir Politiker schaffe géif.
De leschte Mëttwoch nach gouf décidéiert, de Leetzëns fir de Moment iwwerhaapt net méi erofzesetzen. Iwwer Méint huet den Donald Trump de Jerome Powell fir seng Zënspolitik kritiséiert, beleidegt, a gefuerdert, datt e géif entlooss ginn.
Zoustëmmung vum Senat néideg
Iwwerdeems leeft aktuell eng Enquête vum US-Justizministère, well de Powell soll bei der Sanéierung vu Gebaier Falschaussoen vis-à-vis vum Senat gemaach hunn. Verschidden Experten aus US-Medien gesinn dat awer als politesch Aflossnam fir den Jerome Powell ze diskreditéieren.
Generell gëtt de Kandidat fir Chef vun der Zentralbank zwar vum US-President proposéiert, e muss allerdéngs vum Senat ofgeseent ginn.