Am Zentrum réckele fir d’CSV de Stater Schäffen, Maurice Bauer, de Gemengerot, Laurent Mosar, souwéi de CSJ-Nationalpresident an zweete Schäffe vu Walfer, Alex Donnersbach an d’Chamber no. Am Süde sinn et d’Diddelenger Gemengeconseillère, Françoise Kemp an d’Suessemer Schäffen, Nathalie Morgenthaler. Op wéi eng Aarbecht stellt d’Direktesch vum Centre pour l’egalité de Traitement sech an hirem neie Mandat an?
“Dat gëtt mat Sécherheet eng grouss Gestaltungsaarbecht, wann een an der Regierung ass. Dat ass natierlech eng ganz aner Aarbecht, wéi wann een an der Oppositioun ass. Et sinn natierlech schwéier Zäiten a grouss Defien elo unzegoen. Ech kucken deene mat Zouversiicht entgéint a si frou, fir déi nei Erausfuerderungen.”
Fir déi nei CSV-Gesondheetsministesch Martine Deprez wäert keen an d’Chamber noréckelen, well si net fir hir Partei mat an d’Wale gaange war. Am Norde réckelt de Jeff Boonen no an am Osten d’Buergermeeschtesch vu Rouspert-Mompech an CSV-Generalsekretärin, Stéphanie Weydert.
DP: viraussiichtlech hëlt jidderee säi Mandat un
Eenzeg de Stater Schäffe Patrick Goldschmidt war bis d’Mëttegstonn net fir eng Reaktioun ze erreechen.
Sécher wäert awer de Walfer Gemengeconseiller Guy Arendt am Zentrum noréckelen. Am Süde sinn et déi fréier professionell Tennisspillerin, Mandy Minella an déi Péitenger Gemengeconseillère, Barbara Agostino, bei där d’Freed op Nofro immens grouss ass.
“Ech war jo ganz kuerz an d’Chamber komm nach, déi lescht Legislaturperiod. Ech sinn natierlech traureg, datt meng al Kolleegen, sou wéi de Pim Knaff net méi derbäi sinn. Mee ech freeë mech awer dofir ëmsou méi, mam Corinne kënnen zesummen ze schaffen, wat jo eng Frëndin vu mer ass.”
Am Oste réckelt de Lënster Schäffen, Gilles Baum, fir de Lex Delles an d’Chamber no. Am Norde wäert fir d’DP keen noréckelen. Den zukünftege Kulturminister Eric Thill hat et den 8. Oktober nämlech net an d’Chamber gepackt, grad wéi am Zentrum d’Doktesch Stéphanie Obertin, si war 11. gewielte ginn.
Wéi de Gilles Baum eis matgedeelt huet, wëllt hien haut kandidéieren, fir nach eemol Fraktiounspresident vun der DP ze ginn. De Vott doriwwer géif den nächsten Dënschdeg stattfannen.