Radioen

On air

Euranet Plus Podcast  |  

play_arrow Live
search

/ Weltwäite Kueleverbrauch sou héich wéi nach ni

Kueleverbrennung

Weltwäite Kueleverbrauch sou héich wéi nach ni

Trotz Klimaschutz gi weltwäit souvill Kuele verbrannt wéi nach ni. De Kueleverbrauch klëmmt nach weider a soll 2027 een neien Héchststand erreechen.

auto_stories

1 min

An den Industrielänner geet de Kueleverbrauch zréck. An der EU ass se dëst Joer ëm 12 Prozent an an den USA ëm 5 Prozent erofgaangen. Mee an de Schwellelänner ass d‘Demande sou héich wéi nach ni. 

Wéi déi International Energieagence matdeelt, goufen dëst Joer 8,77 Milliarden Tonnen Kuele verbrannt, zanter 2020 ass déi Zuel all Joer eropgaangen a kéint 2027 bei bal 9 Milliarde leien.