Radioen

On air

Trendscheif  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Weltwäit Krisen an de Logement maachen de Leit am meeschte Suergen

Politmonitor

Weltwäit Krisen an de Logement maachen de Leit am meeschte Suergen

Déi weltwäit Krise maachen zwee vun dräi Leit hei am Land Suergen. Dat geet aus dem Politmonitor ervir, deen d'Wort an RTL maache gelooss hunn.

auto_stories

1 min

© picture alliance / BeckerBredel
Foto: picture alliance / BeckerBredel

Grousst d'Kappzerbrieches mécht weiderhin awer och d'Situatioun um Wunnengsmaart: Déi steet op Nummer eent, mat 66 Prozent. Weider Suerge mécht d'Hallschent vun de Leit - 50 Prozent nämlech - sech iwwer den Zouwuess vu Rietsextremismus, iwwer de Klimawandel an 48 Prozent och iwwer d'Zouhuele vum Verkéier.

Vun den 18 Theemen, déi de Befroten an dësem Politmonitor genannt goufen, schéngt déi wirtschaftlech Situatioun déi mannste grouss Suerg ze sinn: Just 29 Prozent hunn déi genannt.