Och nom Trounwiessel géif et keng gréisser Ännerunge vun de Relatiounen tëscht der Regierung an dem groussherzoglechen Haff ginn, esou d’Reaktioun vum Premier Luc Frieden. Och op internationalem Niveau gesäit hie kee weideren Impakt. Datt den Ierfgroussherzog Guillaume zum Moment vum Trounwiessel knapp ee Joer Lieutenant-Representant vum Grand-Duc war, wier net problematesch, esou nach de Luc Frieden.
"Et ass schéin ze gesinn, wéi gutt eng Transitioun un der Spëtzt vun eisem Land verleeft. Déi Institutioun vun der Lieutenance ass eng typesch lëtzebuergesch. An ech mengen, datt de Grand-Duc héritier, och opgrond vun deem, wat en déi lescht Jore gemaach huet, schonn éiere Lieutenant-Représentant war, gutt op déi zukünfteg Aufgabe virbereet ass. An dofir war et de Wonsch vum Grand-Duc, dat op ee Joer ze begrenzen. An ech respektéiere voll a ganz déi Decisioun."
D’Preparatioune fir den Trounwiessel ze plange sollen dann am Summer d’nächst Joer ufänken, esou nach de Luc Frieden. Wéi d’Feierlechkeete wäerten oflafen, wier elo nach net gewosst.