Radioen

On air

Kultur um 5  |  Del Water Gap And Holly Humberstone - Cigarettes and Wine

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Weltsécherheetsrot fuerdert eng éischte Kéier eng "direkt Wafferou" an der Gazasträif

D'Enthale vun den USA huet et erméiglecht

Weltsécherheetsrot fuerdert eng éischte Kéier eng "direkt Wafferou" an der Gazasträif

No bal sechs Méint Krich an der Gazasträif huet de Weltsécherheetsrot fir eng éischte Kéier eng "direkt Wafferou" gefuerdert. D‘USA hu sech haut beim Vott enthalen an domat een Unhuele vun eng entspriechender Resolutioun erméiglecht.

auto_stories

1 min

UN Sécherheetsrot | © picture alliance/dpa | Michael Kappeler
Foto: picture alliance/dpa | Michael Kappeler

Bis elo haten d‘USA eng Eenegung bei der Fro ëm eng Wafferou an der Gazasträif verhënnert. Déi 14 aner Membere vum mächtegste Gremium vun de Vereenten Natiounen hu fir d‘Resolutioun gestëmmt. Domat klëmmt den internationalen Drock op Israel an d‘Hamas weider.

Den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu huet op Grond vun der Fuerderung vum Weltsécherheetsrot déi geplangte Rees vun enger israeelescher Delegatioun an d‘USA ofgesot.