Radioen

On air

Notturno  |  Them Lights - Got No

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Wëld aus Neiséiland: FSC fuerdert, datt d'Originn méi kloer gemaach gëtt

Import vu Wëld

Wëld aus Neiséiland: FSC fuerdert, datt d'Originn méi kloer gemaach gëtt

Iwwer d‘Feierdeeg steet bei ville Wëld um Menü. De Marcassin oder d‘Biche kommen allerdéngs nach laang net ëmmer vu Lëtzebuerg, kritiséiert d‘Organisatioun FSC, déi sech fir eng gesond Gestioun vun de Bëscher asetzt. Den Import wier dubiéis, seet de President Pit Mischo. 

auto_stories

1 min

headphones

7 min

Wëld | © Bigstock play_arrow

Grouss Distributeure géifen d‘Zuelen net wierklech präisginn. Aus de leschte Joren, wier awer gewosst, datt vill Hirsch net emol aus europäesche Länner importéiert gëtt. Deels kënnt deen aus Neiséiland. Wann een dat weess, kann ee sech als Konsument oder Konsumentin decidéieren, ob een dat wëll. Problem ass: Et weess een net ëmmer, wou d‘Wëld hierkënnt. 

Grouss Acteuren dozou kréien, d'Charta ze ënnerschreiwen

Wéi fënnt een als Konsument raus, wou d‘Wëld hierkënnt. Am Commerce kritt een dann dacks d‘Äntwert „Ech weess et net.“. Et gëtt eng Partie Commerçanten, déi d‘Charta vun der FSC ënnerschriwwen hunn. Déi liwweren deemno och all déi néideg Informatiounen.

De grousse Challenge wier et elo, och grouss Acteuren dozou ze beweegen, dat ze maachen.

Den Interview mam Pit Mischo

Lauschterenplay_arrow