Radioen

On air

Ligne 2  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Wéinst ze villen Immigranten: Republikaner wëlle Minister vu sengem Amt entbannen

USA

Wéinst ze villen Immigranten: Republikaner wëlle Minister vu sengem Amt entbannen

An den USA hunn d‘Republikaner am Representantenhaus decidéiert, d‘Prozedur ze declenchéiere fir den demokratesche Minister fir déi bannescht Sécherheet vu sengem Amt ze entbannen.

auto_stories

1 min

© picture alliance / Consolidated News Photos | Bonnie Cash - Pool via CNP
(Foto: picture alliance / Consolidated News Photos | Bonnie Cash - Pool via CNP)

De Minister Alejandro Mayorkas, deen op Kuba gebuer ass, kritt vun de Republikaner virgehäit, d‘Kontroll iwwert d‘Grenze verluer ze hunn, well esou vill Migranten iwwert déi mexikanesch Grenz an d‘USA kommen.

De Vott fir déi sougenannten Impeachment Prozedur géint de Minister ze declenchéiere war knapp: 214 Stëmme waren derfir, an 213 dergéint. D‘Decisioun läit elo beim Senat. Well do d‘Demokraten eng knapp Majoritéit hu gëllt et als onwarscheinlech, datt de Minister vu sengem Amt wäert entbonne ginn.