Radioen

On air

De Weekend  |  Seed To Tree - Rip-Off Game

play_arrow Live
search

/ Wéinst villem Reen: et besteet Héichwaassergefor

Waasserverwaltung warnt

Wéinst villem Reen: et besteet Héichwaassergefor

D’Waasserverwaltung huet gëschter Owend eng Warnung erausginn wéinst dem ville Reen, dee fir déi nächst Nuecht a virun Allem muer gemellt gëtt. Et besteet eng Héichwaassergefor.

auto_stories

2 min

© picture alliance/dpa | Heiko Rebsch
(Foto: picture alliance/dpa | Heiko Rebsch)

Déi aktuellst Entwécklungen: MeteoLux.lu an inondations.lu


D’Peegelstänn kéinte séier klammen. Am  Süde vum Land kéint un der Uelzecht a sengen Niewegewässer d’Cote de préalerte haut den Owend iwwerschratt ginn. An der Nuecht op ee Mëttwoch kéint d’Cote d’alerte erreecht ginn.

Och fir d’Sauer besteet d’Méiglechkeet, datt d’Peegel vun Dikrech un d’Cote de préalerte an der Nuecht zum Mëttwoch iwwerschreiden.

Den aktuellen Héichwaasserbericht (Stand 9h30) fann Dir hei.

Weider vill Suergen an Däitschland

Och an den Héichwaasserregiounen an Däitschland fäert een an de nächsten Deeg näischt Guddes: den ugekënnegten Dauerree kéint d‘Situatioun wieder verschäerfen. D‘Rettungsequippen sinn zanter Deeg am Asaz. Am kriddelechsten ass d‘Situatioun an Niedersachsen, an Deeler vun Nordrhein-Westfalen an am Süde vu Sachsen-Anhalt. Suerge maache virun allem d‘Däicher, déi komplett duerchnässt sinn a riskéieren ze briechen.

Och Frankräich huet ze kämpfen

Och a Frankräich si mëttlerweil zéng Departementer an der alerte orange wéinst Iwwerschwemmungsgefor. Dat an der Haaptsaach am Weste vum Land ronderëm d‘Bretagne an de Pas de Calais. Bis zu 40 Liter op de Metercarré gi sech erwaart. De Ree fält op Buedem, dee scho komplett saturéiert ass.