Radioen

On air

Tockcity  |  Baths - Eden

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Affekot vum Matugeklote verlaangt Fräisproch vu sengem Client: "Hien huet Zivilcourage bewisen"

Geriicht

Affekot vum Matugeklote verlaangt Fräisproch vu sengem Client: "Hien huet Zivilcourage bewisen"

Um Freidegmoien ass um Stater Geriicht de Prozess ëm den déidlechen Tëschefall, am Januar 2023, bei engem Training vun de Fussball-Minimes vun der Escher Jeunesse op een Enn komm. Den Affekot vum Matugekloten huet iwwerdeems e Fräisproch fir säi Client verlaangt.

auto_stories

2 min

Stater Geriicht | © Serge Kesseler
Stater Geriicht (Foto: Serge Kesseler)

D’Urteel ass fir de 24. Abrëll: Wann et dem Vertrieder vum Parquet no geet, da soll den Haaptugekloten zu 18 Joer Prisong, een Deel dovu fest, verurteelt ginn an de Matugekloten zu enger Geldstrof oder vun enger Suspension du prononcé profitéieren.

Dräi Interventiounen

De Me Moyse, Affekot vum Matugekloten, huet e Fräisproch fir säi Client verlaangt. Hien huet op Noutwier vum Papp vun enger Spillerin plädéiert. Deen hätt dat spéidert Affer wuel mat der Fauscht geschloen, awer just op Gewalt zeréckgegraff, fir den Ugräifer roueg ze stellen. De Mann wier am Ganzen dräimol intervenéiert.

“Éischtens fir mat deenen zwee Traineren ze kucken, dass dräi Leit den Aggresseur géifen ëmzéngelen. Zweetens huet en eng Zill drop gehäit, déi anscheinend dee Moment deen Aggresseur gestoppt huet. Drëttens, wéi hie fortgelaf ass an zu Buedem gefall ass, huet hien dann, wéi nach méi schlëmm Saache geschitt sinn, sech op de Kapp vun deem Aggresseur gesat a gejaut: Haalt op, haalt op."

De Me Moyseplay_arrow

De Me Moyse mengt dofir, datt säi Client alles dofir gemaach huet, fir ze intervenéieren. Dofir sollt ervirgehuewe ginn, datt de Mann Zivilcourage bewisen hätt. De Matugeklote géif déi um Enn déidlech Ausenanersetzung net vergiessen, sou de Me Moyse. De Mann wier och immens affektéiert, och vum Doud vum Ugräifer.

Fir den Affekot vum Haaptugeklote sollt, wann d’Riichtere Prisong sprieche géifen, säi Client vu souvill Sursis wéi méiglech profitéiere kënnen, an eventuell vun engem Sursis mat Oploen.