search

/ Wéinst russescher Participatioun boykottéiert Ukrain Paralympesch Wanterspiller

Krich an der Ukrain

|
headphones

1 min

Wéinst russescher Participatioun boykottéiert Ukrain Paralympesch Wanterspiller

D'Ukrain wëllt d‘Paralympesch Spiller, déi am Mäerz an Italien sinn, boykottéieren. Dat huet den ukrainesche Sportminister haut annoncéiert.

headphones

1 min

Domat wéilt ee géint d‘Zouloossung vu russeschen a belarusseschen Athlete protestéieren, déi ënner hirem nationale Fändel participéieren dierfen.

Mat dëser Decisioun vum internationale paralympesche Comité kënnt domat den Ausschloss vu Russland a vu Belarus op en Enn, déi wéinst dem Ugrëffskrich an der Ukrain 2022 gespaart goufen.

Den ukraineschen Ausseminister huet sengersäits annoncéiert, och aner Länner dozou encouragéiert ze hunn, sech dem Boykott unzeschléissen.