D’Äntwerte géife méi Froen opwerfe wéi der géife beäntweren. Eng dovu war, wien de Präis vu 4,8 Milliounen Euro fir den Terrain vum Sportsmusée festgeluecht huet. Dorop krut d’LSAP-Deputéiert Liz Braz eng Äntwert am Kader vun enger parlamentarescher Fro.
Keen Dokument, dat beleet, wéi de Präis konnt zustane kommen
Fir d’Sozialistin ass d’Virgoe vum Staat dobäi net nozevollzéien.
"Ech krut de Moien déi Äntwert vun der Ministesch, och schrëftlech, wou se mer seet, datt et de Promoteur selwer war, deen de Prix foncier festgeluecht huet. Wou ech mech awer froen, wéi kann dat sinn, datt e Promoteur dem Staat seet à quel prix en Terrain verkaf gëtt."
De Staat géif dat einfach esou unhuelen, kritiséiert d'Liz Braz.
"Virun allem wann ee bedenkt, datt mer verschidden Organer hunn, wéi e Comité d'acquisition, déi amfong par la loi mandatéiert sinn, fir Expertisen opzestellen an de Präis vun Terrain festzeleeën ier de Staat en Terrain keeft."
Dat wier fir si net nozevollzéien.
"Wéi och am Regierungsrot keng Alarmklacke konnten ugaange ginn, wéi ee gesinn huet, à quel prix datt dee Musée soll verkaf ginn an datt e Präis vun engem Terrain vu bal 5 Milliounen drasteet, ouni datt een Dokument dobäi läit, dat beleet wéi dee Präis iwwerhaapt zustane komm ass."
Well iwwerdeems den Avis juridique zum Projet vun der Regierung no dräi Méint nach ëmmer op sech waarde léisst an et vill Onkloerheete ginn, huet d’Liz Braz decidéiert d’Cellule Scientifique vun der Chamber ze saiséieren.
Cellule scientifique brauch wuel 6-8 Méint fir een Avis
D’CSV-Deputéiert Stéphanie Weydert fënnt et wichteg, datt dësen Dossier uerdentlech opgeschafft gëtt, fir an Zukunft intern Prozesser ze verbesseren an esou Virfäll wéi an dësem Fall ze evitéieren.
Si hätt awer léiwer eng aner Léisung fonnt, wéi d’cellule scientifique, déi d’Liz Braz proposéiert huet. Si hätt proposéiert, een zweete Cabinet d'avocat domat ze chargéieren.
"Dat ass awer elo net zeréckbehale ginn an der Kommissioun, well jiddereen der Meenung war, datt mer d'Cellule scientifique froen, déi natierlech eng exzellent Aarbecht mécht, mee déi awer sechs bis aacht Méint brauch, fir en Avis ze bréngen."
Fir déi gréng Deputéiert stellt sech d'Fro, wat iwwerhaapt am Dossier geschitt wier.
"Wie wosst wat? Wat ass schifgelaf? Wou sinn d'Responsabilitéiten? An dann dee méi strukturellen: Do steet en Avis juridique am Raum, dee soll ugefrot gi si vum Sportsministère. Mir wëssen net, wat d'Froestellung ass. Mir wëssen net, wien d'Etüd ass, déi deen Avis soll maachen. A mir wësse net, wéini den Avis kënnt."
Deen Avis soll ënner anerem kloerstellen, ob de Staat hätt missen eng Ausschreiwung maachen. Datt de Staat de Projet net fräi ausgeschriwwen huet, mee dem Promoteur IKO direkt ginn huet, war och een Haaptpunkt vun de Kriticken um Projet.
Vill Froen u verschidde Ministeren
Fir de Marc Goergen vun de Pirate stellt sech dofir d’Fro, a wéi wäit Promoteure Politiker zu Lëtzebuerg beaflossen. Dat wier um Gemengenniveau scho falsch, mee hei wier et um Regierungsniveau geschitt.
"An deem Kontrakt steet eng Exklusivitéit. De Staat dierf mol net mat engem anere schwätzen. Mol net wann dee géif ee Projet ubidden. Dat sinn alles Saachen, dat dierft net sinn, datt e Minister esou eppes mat engem Promoteur ënnerschreift."
Elo wier et d’Aufgab vun der Chamber ze klären, wéi eng Ministere wéini vu wat wossten, esou den Deputéierte vun de Pirate Marc Goergen.
Wéinst dem Projet vun engem Sportsmusée gouf et viru Méint vill Kritik um Ex-CSV-Sportminister Georges Mischo, wat mat dozou gefouert huet, datt de Georges Mischo als Minister demissionéiert huet.