Dat huet den Ex-Nationaltrainer an enger Prise de Position iwwer seng Affekoten de Me François Prum an den Me Alexej Nickels matgedeelt. Hie war jo entlooss ginn, nodeems him vun enger Rei u Spillerinne virgeworf gi war, datt en inappropriéiert Messagen u si geschéckt soll hunn.
Iwwerdeems contestéiert den Dan Santos d’Opléise vu sengem Kontrakt bei der FLF. Hie géif bedaueren, datt déi Virwërf ëffentlech gemaach gi wieren, ouni datt déi komplett gepréift gi wieren an hie keng Geleeënheet kritt hätt sech dogéint ze wieren, esou nach den Dan Santos a sengem Schreiwes.
Den Affekot ass keen Onbekannten
Wéinst der Gravitéit vun de Virwërf hätt hien elo en Affekotebüro ageschalt. De Me Prum, deen den Dan Santos elo vertrëtt, vertrëtt och den Dr. Philippe Wilmes, deem virgehäit gëtt u gesonde Kräizbänner operéiert ze hunn.