Ënner anerem feelen de Kenan Avdusinovic an den Olivier Thill an der Lëscht géint Malta. Dogéint sinn de Mica Pinto an den Yvandro Borges nees zeréck an der Selektioun.
De Jeff Strasser sot sech iwwerdeems och glécklech doriwwer, datt eng ganz Rei un Nationalspiller vill Spillzäit an hire respektive Veräiner kréien.
"Déi lescht Wochen zum Beispill mer méi zentral Mëttelfeldspiller hunn, déi golgeféierlech sinn an déi Goler schéissen. Do denken ech un de Leo Barreiro oder un de Kiki Martins zum Beispill oder de Mathias Olesen, wat mer natierlech jo ganz positiv gesinn. E Spiller wéi den Danel Sinani, dee seng Stammplaz zu St. Pauli reegelméisseg exploitéiert an och interessant interpretéiert. E Laurent Jans, dee permanent all Match spillt oder e Florian Bohnert, dee spillt, oder en Dirk Carlson, dee spillt. Dat heescht, am Fong d'Spillzäit vu ganz ville Spiller ass awer héich."
Trotz grousser Avance an der Weltranglëscht wëllt de Jeff Strasser net Favorit genannt ginn
An den zwee Matcher géint Malta geet et fir Lëtzebuerg drëm, net an d’Liga D ofzesteigen. Lëtzebuerg steet den Ament 59 Plaze viru Malta an der Weltranglëscht. De Jeff Strasser wëllt seng Ekipp awer net als Favorit gesinn.
"Do hunn ech drop geäntwert, dass et fir mech an dëser Konfrontatioun net lieu ass e Favorit ze ernennen. Mee, dass mir mat Selbstvertrauen op den Terrain gi fir de Match ze gewannen an dat ass géint all Géigner de Fall."
Den éischte Match gëtt a genee enger Woch op Malta gespillt. Den 31. Mäerz treffen d'Roud Léiwen dann am Stade de Luxembourg op d'Malteser.