search

/ Wéinst dem Irankrich: Nieft dem Diesel gëtt och den Dünger méi déier

Landwirtschaft

|
reading time

2 min

headphones

8 min

play_arrow

Wéinst dem Irankrich: Nieft dem Diesel gëtt och den Dünger méi déier

Ënner der Hausse vun den Energiepräisser kéinte virop déi kleng Bauere leiden. Den Dünger géif nämlech och méi deier ginn, esou de President vun der Landwirtschaftskummer, de Christian Hahn.

reading time

2 min

headphones

8 min

play_arrow
Christian Hahn | © Jo Diseviscourt
Christian Hahn (Foto: Jo Diseviscourt)

Well Pëtrolsproduite fir d’Hierstellung vun Dünger gebraucht ginn, hätt d’Hausse vum Pëtrolspräis en direkten Afloss op de Präis vum Dünger.

Am 100,7-Interview sot de Christian Hahn, datt méi grouss Bauerebetriber dacks e groussen Deel vum Dünger op Stock kafen. Méi kleng Bauere missten dogéint den Dünger da kafen, wa si e brauchen.

Well elo d’Saison fir ze dünge géif lassgoen, wiere si also méi staark impaktéiert.

Héijen Dieselpräis: Een akute Problem fir alleguer d'Baueren

Wann d’Hausse nach bis Ufank Mee géif unhalen, kéinten och méi grouss Betriber betraff sinn. En akute Problem, dee sech awer alle Bauere lo géif stellen, wier den héije Präis vum Diesel, erkläert de Christian Hahn. 

“Den Impakt ass do immens grouss. Wann een ee Joer, annerhalleft Joer no vir kuckt, da si mir hautdesdaags jo wierklech bal um Duebel vum Präis wéi virun annerhallwem Joer. An dat sinn direkt Käschten, zemools am Fréijoer, wou jo wierklech awer de gréisste Peak vun den Aarbechte beieneen ass. An do gëtt duerch d'Buedembeaarbechtung, duerch d'Düngung, duerch all déi Aarbechten, déi gemaach ginn, gëtt et eeben ee relative Peak am Dieselverbrauch.”

Wéi grouss den Impakt genee wier, konnt de Christian Hahn awer net genee chiffréieren.

play_arrow Lauschteren