arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Keng Lëtzebuerger Mëllech méi bei EKABE - Luxlait wëllt Baueren entgéint kommen

Landwirtschaft

|
reading time

2 min

Keng Lëtzebuerger Mëllech méi bei EKABE - Luxlait wëllt Baueren entgéint kommen

Den Direkter vun der Luxlait, de Gilles Gerard, wëllt de betraffene Baueren, déi hir Mëllech un d’Molkerei EKABE liwweren, entgéint kommen. Op der Online-Platform Linked-In huet hie geschriwwen, d’Luxlait géif hirer Verantwortung gerecht ginn.

reading time

2 min

Mëllech | © Bigstock / Nikodim
Mëllech (Foto: Bigstock / Nikodim)

D’Molkerei EKABE wëllt vun Abrëll d'nächst Joer u keng lëtzebuergesch Mëllech méi kafen a verschaffen. RTL hat dat gëschter als éischt gemellt.

D’Molkerei gehéiert dem franséische Konzern Lactalis an huet hire Setz zu Eescheler bei Jonglënster. All Joer gi méi wéi 50 Millioune Liter Mëllech vun insgesamt 68 Baueren un d’EKABE geliwwert. Si representéieren 10 bis 15 Prozent vum järlechen Ertrag zu Lëtzebuerg.

Och wann d’Luxlait de betraffene Baueren hëllefe wëllt, déi grouss Quantitéite vu Mëllech wieren net ouni Weideres ze absorbéieren, esou nach den Direkter vun der Luxlait op der Online-Plattform. Et géif een am Beräich vum Méiglechen all Pist analyséiere fir zu enger Léisung fir déi betraffe Bauere bäizedroen.

Politesch Reaktiounen op d'Ukënnegung

De President vun der Chamber-Landwirtschaftskommissioun an CSV-Deputéierte Jeff Boonen wëllt vu senger Parteikolleegin, der Landwirtschaftsministesch Martine Hansen wëssen, wéi eng Grënn si vun EKABE/Lactalis fir déi “iwwerraschend Decisioun” genannt krut, a wat an Zukunft um Site zu Eescheler soll produzéiert ginn.

De Jeff Boonen wëllt och wëssen, ob et kuerzfristeg Léisunge fir déi betraffe Betriber ginn, respektiv ob et méiglech ass, eng aner Molkerei fir si ze fannen. An den CSV-Deputéierte freet, ob nach aner grouss privat international Acteuren um Lëtzebuerger Mëllechmarché sinn, déi änlech kéinten handelen.

D’Kommunistesch Partei fuerdert iwwerdeems haut, datt d’EKABE soll nationaliséiert ginn, an an eng Molkereisgenossenschaft ëmgewandelt ginn. Dëse Fall géif weisen, datt d’Liewensmëttelproduktioun net de Profitinteresse vu Konzerner dierft iwwerlooss ginn.