D'Luxlait an d'Prolek haten hir Zesummenaarbecht Mëtt September annoncéiert. Vun den 18 Betriber, déi net bei d'Luxlait ginn, halen der eng hallef Dose op. Zwee liwweren un eng aner Molkerei.
Zukunft nach ongewëss
Bei den anere Betriber ass nach net offiziell gekläert wéi et virugeet. Zéng Betriber kéinte bei den hollännesche Grupp Royal A-ware wiesselen.
De franséische Grupp Lactalis, zu deem d'EKABE gehéiert, hat Enn Mee annoncéiert, d'Zesummenaarbecht mat de Lëtzebuerger Mëllechbaueren net méi weiderzeféieren.
Iwwerschoss u Mëllech opfänken
Den Direkter vun der Luxlait, de Gilles Gerard hat dorops hin erkläert de betraffene Baueren entgéint kommen ze wëllen. Déi grouss Quantitéite vu Mëllech wieren awer net ouni Weideres ze absorbéieren, esou den Direkter vun der Luxlait am Mee, op der Online-Plattform Linked-In. Et géif een am Beräich vum Méiglechen all Pist analyséiere fir zu enger Léisung fir déi betraffe Bauere bäizedroen.