D’Konditioun dofir ass, datt déi betraffe Bauere bis de 25. September den entspriechende Kontrakt mat der Luxlait ënnerschreiwen.
Viru knapp véier Méint war jo bekannt ginn, datt d'EKABE, déi zum franséische Grupp Lactalis gehéiert, de Kontrakt mat deene Baueren auslafe léisst an hir Mëllech just nach bis Enn Mäerz unhëlt.
Agrarministesch hätt net geduecht, datt ee sou séier eng Léisung fënnt
D’CSV-Landwirtschaftsministesch Martine Hansen huet drun erënnert, datt d’Situatioun Enn Mee dramatesch gewiescht wier, well dann 68 Betriber an d’Familljen hannendrun an Onkloerheet gewiescht wieren. Et hätt vun Enn Mee un eng gutt Zesummenaarbecht gebraucht, fir deene betraffene Baueren eng nei Perspektiv ze ginn, esou d’Ministesch.
"Dat ass extrem wichteg, an et ass ganz séier geschitt. Ech hunn am Mee gesot, dat do ass keng Léisung, déi mer fanne vun engem Dag op deen aneren. An ech hätt och mol net geduecht, dass mer elo schonn, ëm dës Zäit, u sech eng Léisung, eng Perspektiv kéinten opweisen."
Dofir huet d'Martine Hansen der PROLEK fir déi vill Aarbecht Merci gesot. An och der Luxlait.
"Awer och dem President an dem Direkter vun der Luxlait, well och si hu mat hire Baueren eng Genossenschaft diskutéiert, fir dass hei jidderee gemeinsam un engem Strang zitt, fir eng Léisung, eng national Léisung ze fannen."
Wouriwwer d’Ministesch frou ass. Si selwer an hire Ministère hätten awer net direkt agräifen, mee just hëllefe kënnen, sot d’Martine Hansen. Si gouf dann och haut vum Vertrieder vun de betraffene Baueren a vun de Luxlait-Responsabele "Facilitateur" an dëser Affär genannt.
Baueren- a Mëllechvertrieder bestätege schwiereg Méint
Enn Mee wier eng schwiereg Zäit gewiescht, well vun engem Dag op deen aneren déi eegen Zukunft a Fro stoung, sot de Vic Wirtz. Et hätt een awer net wëllen an där Onsécherheet bleiwen, mee handelen. Et gouf no enger Léisung fir déi Concernéiert gesicht.
"Haut kënne mir soen, dass dës Méint vun intensiver Aarbecht zu enger konkreter Perspektiv gefouert hunn."
D’Luxlait huet de PROLEK-Baueren e Kontrakt virgeluecht, deen déi elo bis haut aacht Deeg ënnerschreiwen oder net. Domat hätten d’Baueren eng seriö Perspektiv, vun Abrëll un, huet de Vic Wirtz betount.
Lactalis iwwerhëlt elo awer en Deel
Fir de President vun der Luxlait wollt een direkt hëllefen. Allerdéngs hätt een net d’Kapassitéit, fir eleng 55 Millioune Liter ze iwwerhuelen, esou de Marc Reiners:
"Mir hunn awer mat eise Partneren, déi mir hunn, och international, no enger Léisung gesicht.”
Déi um Enn mam Luxlait-Kontrakt fonnt gouf, wat net evident war, wéi de President erkläert huet. Woubäi iwwerraschenderweis Lactalis ronn e Véierel vun der Mëllech iwwerhëlt.
Lëtzebuerger Mëllechindustrie soll gestäerkt ginn
Virun dräi Méint hätt eng Léisung nach net méiglech geschéngt, huet och de Luxlait-Direkter ënnerstrach. Elo hätt een awer eng decisiv Etapp hannert sech bruecht. D’Zil vum Gilles Gérard ass et, fir vum 1. Abrëll un net nëmmen d’Collecte vun der Mëllech ze maachen, mee doriwwer eraus ze goen.
“Les études actuellement menées devront nous permettre d'identifier de nouveaux produits, de nouveaux marchés et les investissements nécessaires pour mieux valoriser demain le lait des producteurs.”
Et wéilt ee méi eng staark Lëtzebuerger Mëllechfilière opbauen, a mat dësem Accord hätt een eng Perspektiv fir dës Ambitioun, huet et vum Luxlait-Direkter geheescht.