Zil vun der UN ass et, fir hir Roll an der globaler Agrarwirtschaft an Ernärungssécherheet ervir ze hiewen.
Fra, Mamm a Bauerefra
D’Christine Hoffmann leet zesumme mat hirem Mann e Bauerebetrib zu Schëtter. Si kombinéiert Familljeliewen, Bauerenhaff a pedagogesch Aarbecht. Nieft dem Betrib ass si Mamm vun dräi Kanner. Eng gutt Organisatioun an de Réckhalt vun der Famill wieren do essenziell.
“Fir datt esou e Betrib leeft, brauch een eng Famill, déi hannert engem steet.”
Um Haff gi reegelméisseg Schoulklassen empfaangen. Kanner léieren do, wou d’Liewensmëttel hierkommen, wéi den Alldag op engem Bauerenhaff ausgesäit a komme mat Déieren a Kontakt.
Fréier hunn aner Bauere si net eescht geholl
D’Christine Hoffmann beschreift och, wéi sech d’Roll vun de Fraen an der Landwirtschaft verännert huet. Fréier hätt si Situatioune kannt, wou Händler hir net emol d’Hand ginn hätten. Haut wier dat anescht.
“Och eng Fra kann e Bauerebetrib leeden.”
D’Moderniséierung vun der Landwirtschaft géif dozou bäidroen. Vill Aarbechte wieren technesch méi einfach ginn an net méi esou kierperlech ustrengend wéi fréier, esou d’Christine Hoffmann.
Fotoausstellung “Bauerefraen”
Si ass och Deel vun der Fotosausstellung "Bauerefraen", déi d'Centrale Paysanne am Kader vum internationale Joer vun de Fraen an der Landwirtschaft organiséiert huet. D'Fotografin Ann Sophie Lindström huet dofir eng ganz Rei Fraen an der Lëtzebuerger Landwirtschaft portraitéiert.
D'Expo kënnt dir nach bis de 5. Juni an der Galerie am Duerf "Robert Daleiden" zu Steesel kucke goen (Mëttwochs bis Samschdes vun 10 bis 6 Auer).
Lauschtert hei dat ganzt Gespréich mat der Christine Hoffmann