Zil ass et, iwwer eng Stäerkung vun de Loftofwiersystemer ze beroden. D‘NATO-Länner hunn an der Vergaangenheet scho vill Loftoofwiersystemer un d‘Ukrain geliwwert, mee elo wéilt een d'Verdeedegung vun der Ukrain weider verstäerken, heescht et nach.
Den NATO-Ukrain-Rot gouf zejoert an d‘Liewe geruff. Dëse Gremium soll ënnert anerem eng méi staark Zesummenaarbecht erméiglechen, bis datt d‘Viraussetzunge fir een NATO-Bäitrëtt vun der Ukrain erfëllt sinn.