Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Wéinst Streik an Däitschland: Perturbatiounen um CFL-Reseau

D'Linn 30 ass betraff

Wéinst Streik an Däitschland: Perturbatiounen um CFL-Reseau

Wéinst engem Streik vun den däitsche Lokführer ginn et Perturbatiounen am Lëtzebuerger Zuchverkéier. Wéi d‘CFL matdeelt fiert vu muer de Moie bis Freideg den Owend 6 Auer keen Zuch iwwer déi Lëtzebuergesch-däitsch Grenz.

auto_stories

1 min

Betraff ass d‘Linn 30 Lëtzebuerg-Waasserbëlleg-Tréier. Zwee vun dräi Zich an der Stonn wäerten awer bis op Waasserbëlleg an zeréck fueren.