Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Wéinst Spionage: 40 Joer Prisong fir Ex-CIA-Mataarbechter

Ee vun de gréisste Spionagefäll an der Geschicht

Wéinst Spionage: 40 Joer Prisong fir Ex-CIA-Mataarbechter

An den USA gouf ee fréiere Mataarbechter vum Geheimdéngscht CIA zu 40 Joer Prisong verurteelt. De Joshua Schulte gouf ënner anerem wéinst Spionage verurteelt.

auto_stories

1 min

CIA | © picture alliance / NurPhoto | Beata Zawrzel
CIA (Foto: picture alliance / NurPhoto | Beata Zawrzel)

Hien hat Dausende geheim Dokumenter un d‘Plattform Wikilieaks weider ginn, déi 2017 publizéiert goufen. Doduerch gouf d‘Ëffentlechkeet Detailer gewuer iwwert d‘Taktike vun der CIA, fir Smartphonen a Computere vu privat Leit ze iwwerwaachen.

D‘Riichter soten, et wier ee vun de gréisste Spionagefäll an der amerikanescher Geschicht. De Verurteelten hätt duerch seng Aktioun d‘Sécherheet vu CIA-Mataarbechter a vum ganze Land a Gefor bruecht. Nieft Spionage gouf hie wéinst Besëtz vu kannerpornographeschem Material verurteelt.