D‘Bevëlkerung an de Gebidder ronderëm d‘Haaptstad Khartum souwéi Darfur a Kordofan wier vum Manktem u Liewensmëttel besonnesch staark getraff. Et wier dréngend en Zougang néideg fir liewenswichteg Hëllef bei d‘Mënschen ze bréngen.
Am Sudan kämpfen zanter knapp engem Joer, déi paramilitäresch RSF an d‘Arméi ëm d‘Muecht an ëm den Zougang zu Ressourcen.