Dat huet e Gericht aus dem New Mexiko annoncéiert. Et géifen nei Erkenntnisser ginn, heescht et. De Baldwin hat bei Prouwe fir e Film eng Waff benotzt, an där eng richteg Kugel war. Si huet d‘Kamerafra getraff, déi doropshi gestuerwen ass. De Baldwin hat d‘Waff net selwer gelueden. Eng éischt Uklo géint den Acteur war fale gelooss ginn.
arrow_back_ios
search
search
/ Wéinst Homicide involontaire: Alex Baldwin ugeklot
Hollywood
Wéinst Homicide involontaire: Alex Baldwin ugeklot
Den Hollywood Acteur Alec Baldwin gouf elo op en Neits wéinst Homicide involontaire vun enger Kamerafra bei engem Filmtournage 2021 ugeklot.
auto_stories
1 min

Alec Baldwin (Foto: picture alliance / NurPhoto | Selcuk Acar)