Radioen

On air

Concert  |  Owesconcert

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dem Poopst säi Gesondheetszoustand ass stabil

De Vatikan deelt mat

Dem Poopst säi Gesondheetszoustand ass stabil

Dem Poopst François géif et ganz e bësse besser goen, sou de Message, deen de Samschdeg den Owend vum Vatikan publizéiert gouf. Säin Zoustand wier stabil, an hie géif gutt op d‘Therapie uspriechen.

auto_stories

1 min

Poopst Franziskus | © picture alliance / Stefano Spaziani | Stefano Spaziani
Poopst Franziskus (Foto: picture alliance / Stefano Spaziani | Stefano Spaziani)

Hien hätt och eng roueg Nuecht gehat, gouf de Moie gemellt. Haut awer fält dat traditionellt Sonndesgebiet, de 4. Sonndeg hannertenee schonn aus. Den 88 Joer ale Chef vun der kathoulescher Kierch ass elo schonn dräi Wochen am Spidol. An där Zäit goufen ëmmer erëm gesondheetlech Réckschrëtt gemellt.