Radioen

On air

9 bis 1  |  Future Islands - Ancient Water

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Weider Ënnerstëtzung fir d'Ukrain a verschäerften Toun géintiwwer Israel

EU-Sommet

Weider Ënnerstëtzung fir d'Ukrain a verschäerften Toun géintiwwer Israel

Déi weider Ënnerstëtzung fir d‘Ukrain an eng direkt humanitär Paus an der Gazasträif, goufe gëschter um éischten Dag vum EU-Sommet vun de 27 EU-Länner festgehalen. Um Sommet gouf och de Startschoss ginn, fir d’Bäitrëttsverhandlunge mat Bosnien-Herzegowina unzefänken.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Déi néideg militäresch Hëllef fir d‘Ukrain soll méi séier zur Verfügung gestallt ginn, heescht et an enger Deklaratioun. Ënner anerem soll d’EU Pläng fir d’Profitter aus den agefruere russesche Staatsgelder un d’Ukrain ze ginn, virundreiwen.

Bosnien-Herzegowina: Nach vill Reformen néideg

Fir datt d’Gespréicher mat Bosnien konkret kënnen ufänken, muss d’Land nach Reformen duerchféieren. Déi haart Aarbecht vu bis elo misst weidergeféiert ginn, esou de Premier Luc Frieden. D’Adhesioun wier ëmmer e laange Prozess.

"Mee meng Suerg an deem Kontext ass virun allem, datt mir déi Länner net an den Hänn vun aneren, net-europäesche Länner loossen, a mir eis net ëm se bekëmmeren. Dat ass schonn amgaangen ze geschéien am West-Balkan, an dofir ass et gutt, datt mir dee Schrëtt elo geholl hunn.“

Toun géintiwwer Israel verschäerft sech

Um Sommet goufe sech déi 27 EU-Memberlänner och iwwer eng gemeinsam Positioun zu der Situatioun am Noen Osten eens. Den Toun par Rapport zu Israel huet sech verschäerft. D’Staats- a Regierungscheffe schwätze sech fir eng direkt humanitär Paus an der Gaza-Sträif aus, d’Zivilbevëlkerung wier an enger dramatescher d’Noutsituatioun, esou de Conseils-President Charles Michel.

De Premier Luc Frieden weist sech zefridden domat, wéi d’Gespréicher ofgelaf sinn. D’Leit op der Plaz misste gehollef kréien:

"Datt si ze iesse kréien, datt si Waasser kréien, datt si net erschoss ginn. An dofir ass all Schrëtt fir dofir ze plädéieren, datt Israel elo déi humanitär Hëllef zouléisst, an datt si keng Attack op Rafah maachen, ass, mengen ech, e staark Signal vun Europa.“

Haut stinn um Ordre du Jour vum EU-Sommet ënner anerem Diskussiounen iwwer d’Situatioun vun de Baueren an Europa. Mat der Presidentin vun der Europäescher Zentralbank Christine Lagarde soll de Point gemaach ginn iwwer déi wirtschaftlech Situatioun an der Eurozon. 

Lauschterenplay_arrow