Radioen

On air

Kultur um 5  |  Tëschent Concert a Studium

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Blozongekrankheet an d'Zoustänn a verschiddenen Hondspensioune waren 2024 een Theema

D'ALVA bléckt zeréck

D'Blozongekrankheet an d'Zoustänn a verschiddenen Hondspensioune waren 2024 een Theema

Verschidde Bauerebetriber, an deenen am spéide Summer d’Blozongekrankheet ausgebrach war, leide bis haut ënner de Konsequenzen dovun. Dee Bilan zitt den Direkter vun der Liewensmëttel- a Veterinärsverwaltung ALVA, de Felix Wildschutz. Notamment géif elo festgestallt ginn, datt d'Fruchtbarkeet vun de Béischten ënner dem Virus gelidden huet.

auto_stories

2 min

© Ana Angel
Foto: Ana Angel

Op den 1. August goufen déi éischt Fäll vun der Blozongekrankheet zu Lëtzebuerg bekannt. Et war een neien Typ, den Typ 3, dee sech dëst Joer virun allem ënner Schof, Geessen a Ranner verbreet huet. Een aggressive Virus, erkläert de Felix Wildschutz vun der ALVA. Honnerte vu Betriber ware betraff - eng Partie dovunner hu sech bis haut net erholl. 

Wéi bei de meeschte Viren ass den eenzeg Wee, fir d'Béischte fir d'nächst Joer ze schützen, d'Impfung. Bis Enn Abrëll d'nächst Joer wëllt een d'Béischten am ganze Land all geimpft hunn, éier se nees aus dem Stall eraus op d'Wise kommen, esou de Felix Wildschutz.

5 Hënn waren an enger Hondspensioun gestuerwen

En anert gréissert Theema, mat deem d’ALVA sech dëst Joer intensiv beschäftegt huet, war den Doud vu 5 Hënn an enger Hondspensioun am Süde vum Land. D'Besëtzer vu 4 vun den Hënn hunn eng Plainte bei der Police gemaach, d'Enquête leeft deemno nach an d'Autopsie vun engem vun de Muppe gëtt momentan nach zu Gent op der Uni duerchgeféiert, erkläert de Felix Wildschutz. Fir d'ALVA heescht dat, datt ee versicht an Zukunft méi verstäerkt Kontrollen ze maachen. Hie gesäit awer virun allem weider d'Leit an der Verantwortung, déi hiren Hond an eng Pensioun ginn. Dës sollten der Alva Saache mellen, wa se net an der Rei sinn.

Dofir hätt d'ALVA dëst Joer eng nei Email-Adress ageriicht. Op der Email-Adress help@déier.lu kann ee sech mellen, wann engem eppes Verdächteges opfält, esou de Felix Wildschutz.

Vullen- a Schwéngsgripp ginn am A behalen

Fir d'Joer 2025 misst een d'Vullen- an d'Schwéngsgripp am A halen - d'Nopeschlänner wieren domat geplot, an d'Vire géife sech ëmmer méi a Richtung Lëtzebuerg ausbreeden, mee dëst Joer hätt een awer nach keen esou e Fall gehat, esou nach de Felix Wildschutz.

D'ALVA ass jo net just d'Veterinärs-, mee och d'Liewensmëttelverwaltung - an do hätt een dëst Joer zum Gléck keng gréisser Virfäll gehat, esou nach den Direkter vun der ALVA, de Felix Wildschutz.

Lauschterenplay_arrow