Am Kader vun der sougenannter Ukrain-Kontakt-Grupp gi bei dem Treffen och d‘Waffeliwwerunge vun den NATO-Länner un d‘Ukrain koordinéiert.
An den USA huet de President Joe Biden d‘Representantenhaus iwwerdeems opgeruff, deem neien Hëllefspak a Milliardenhéicht fir d‘Ukrain zouzestëmmen, dee gëschter vum Senat ugeholl gouf. An deem Pak si 60 Milliarden US-Dollar fir d‘Ukrain virgesinn.
Ob de Pak vum Representantenhaus wäert ugeholl ginn ass awer onkloer. D‘Republikaner hunn do eng knapp Majoritéit. Een Deel vun hinne schwätzt sech scho méi laang géint weider US-Hëllefe fir d’Ukrain aus.