D‘lescht Woch haten d‘USA a Groussbritannie Positioune vun den Huthi Rebellen aus der Loft ugegraff. Dat nodeems d‘Huthi Rebellen ëmmer nees Transportschëffer Roude Mier mat Rakéiten an Dronen ugegraff haten.
D‘Huthi Rebellen, déi vum Iran ënnerstëtzt ginn, hu gewarnt, si géifen net mat hiren Attacken ophalen. Si reagéieren domat op déi israeelesch Offensiv an der Gazasträif.