Radioen

On air

De Moien  |  Sam Cooke - A Change Is Gonna Come

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Weider Attack op rietspopulistesche Politiker

Holland

Weider Attack op rietspopulistesche Politiker

An Holland ass zwee Deeg virun de Parlamentswalen op en neits e rietspopulistesche Politiker attackéiert ginn. Den Thierry Baudet ass an enger Bar zu Groningen vun engem Ugräifer mat enger Fläsch op de kapp geschloe ginn.

auto_stories

1 min

De Politiker gouf licht blesséiert. Dee Schëllege konnt fest geholl ginn. Dee selwechte Politiker war scho méi dacks attackéiert ginn. Den hollännesche Regierungschef Mark Rutte huet vun enger inacceptabeler Dot geschwat.