Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D‘Margot Friedländer ass dout

Holocaust-Iwwerliewend

D‘Margot Friedländer ass dout

D‘Margot Friedländer hat den Holocaust iwwerlieft, an ass de Freideg am Alter vun 103 Joer gestuerwen. Si huet sech onermiddlech dofir agesat, datt d‘Brutalitéit vum Zweete Weltkrich net vergiess gëtt, a si huet dofir onzieleg Virträg a Schoule gehalen.

auto_stories

1 min

Margot Friedländer | © picture alliance/dpa | Christoph Soede
Margot Friedländer (Foto: picture alliance/dpa | Christoph Soede)

D'Friedländer war 1921 an enger jüddescher Famille gebuer ginn, hir Mamm an hire Brudder waren zu Auschwitz ermort ginn, si konnt ënnertauchen, mee gouf an d'Konzentratiounslager Theresienstadt deportéiert. Si huet iwwerlieft, a war mat hirem spéidere Mann an Amerika ausgewandert. Mat 88 Joer koum si zréck an Däitschland, an hat sech do zur Aufgab gemaach, opzeklären an ze warnen. E Mëttwoch nach, hat si zu Berlin am Roten Rathaus eng Liesung mat hirem Buch "Versuche, dein Leben zu machen!".