Radioen

On air

Vue sur mer  |  The Beths - Metal

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Perséinleche Kolleeg vum neie Poopst: "Habe damit gerechnet, war aber dann trozdem überrascht"

Vater Franz

Perséinleche Kolleeg vum neie Poopst: "Habe damit gerechnet, war aber dann trozdem überrascht"

De Vatikan huet annoncéiert datt dem Poopst Leo seng offiziell Aweiung den 18. Mee stattfanne wäert. Ganz vill Staats- a Regierungscheffe gi sech fir d’Mass op der Péitersplaz erwaart. Vill Amerikaner wäerten d’Rees och wuel maachen, fir den éischte Poopst aus den USA ze feieren. A seng Frënn a Kolleegen, déi musse sech och mol un dës nei Realitéit gewinnen.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

De Vater Franz Generalökonom vun den Augustiner | © Philip Crowther play_arrow
De Vater Franz Generalökonom vun den Augustiner (Foto: Philip Crowther)

Philip Crowther vu Roum

D'Nuecht no der grousser Noriicht konnt de Vater Franz net gutt schlofen, ze opgereegt war de Generalökonom vun den Augustiner, dem Uerde vum neie Poopst Leo.

"Ich habe eigentlich damit gerechnet und war dann trotzdem total überrascht. Weil die letzten Tage habe ich viele viele Stimmen gehört, verschiedenste Stimmen und immer wieder kam sein Name."

Virun der Dir vum Haaptquartéier vum Uerde stinn d’Journaliste Schlaang, all Augustiner ass e wichtege Gaascht, all Anekdot iwwert de Poopst ass Gold wäert. Mee déi Mannst kennen de fréiere Kardinal Prevost esou gutt wéi de Vater Franz.

Eng roueg Hand

Si kenne sech zënter 1982 wou si Studenten zu Roum waren.

"Ich bin einer seine Freunde. Wir haben als Mitbrüder viel gemeinsam gehabt, also wir haben uns jeden Tag gesehen, wenn wir wollten."

Wat fir e Poopst de Leo de XIV. wäert si weess hien och.

"Mir Besonnheit und Umsicht. Er wird immer erst versuchen die verschiedenen Dinge anzuhören. Ist ja auch nach unserer Regel, also der Obere soll erst mal alles hören. Ich weiss, dass er und Franziskus sehr gut miteinander ausgekommen sind."

Grouss Éier fir klengen Uerden

De François war den éischte Jesuitt, elo ass et un den Augustiner fir de Poopst ze stellen.

"Für uns ist es eine unheimlich grosse Ehre auch. Ein kleiner Orden wie wir, wir haben 2.300 Leute zur Zeit. Dass in diesem Moment einer unserer Mitbrüder Papst wird, damit hätte keiner gerechnet."

Richteg gefeiert gëtt net, Disziplin muss sinn, mee den Enthusiasmus, dee verstoppe si net, d’Kolleege, Bridder, a Frënn vum Kardinol Prevost, elo Poopst Leo de XIV.

Lauschterenplay_arrow