Radioen

On air

De Weekend  |  Destroyer - Song For America

play_arrow Live
search

/ Weidere Brand am BENU-Village

Esch

Weidere Brand am BENU-Village

Am Escher Öko-Duerf Benu Village huet et de Moien nees gebrannt. Dee neie Brand wier nees ënnert Kontroll, esou de CGDIS op eis Nofro hin.

auto_stories

1 min

D‘Pompjeeë géifen awer nach op der Platz bleiwen, fir e puer Brandnäschter ze läschen. Wéi et zu deem neie Brand koum, ass net gewosst.

Nach net gekläert ass bis elo och d‘Fro, wei den éischte Brand vun en Dënschdeg den Owend entstanen ass. D‘Police huet en Zeienopruff gemaach. Eng Enquête leeft.