Mir gleewen nach ëmmer net drun, mee et ass souwäit. 80 Joer nom Enn vum Zweete Weltkrich an der Befreiung vun Nationalsozialismus a Faschismus steet d’Demokratie ënner massivem Beschoss. Méi genee gesot déi liberal Demokratie. Fir Trump, Musk an hir europäesch rietspopulistesch Acolytten, wéi fir d’Faschisten an d’Nazis aus der Tëschekrichszäit huet d’Demokratie als Basisprinzippien Identitéit an Egalitéit. Dës Demokratie gesäit just Rechter fir déi Mënsche vir, déi dës Politiker als hiresgläichen ugesinn. Demokratie baséiert fir Trump & Co net op Fräiheeten an dofir gräife si frontal den amerikanesche Rechtsstaat un.
Wa mer fäerdeg sinn eis d’Aen ze wëschen, kann dofir d’Reaktioun vun deenen déi Fräiheeten a Mënscherechter als Basis vun der Demokratie ugesinn, nëmmen déi selwecht sinn, wéi déi déi et erlaabt huet Nazismus a Faschismus ze schloen. Nämlech Resistenz.
Responsabilitéit a Sanktiounen afuerderen
Wat bedeit Resistenz? 1. Als Eenzelen handelen,als Deel vun enger kollektiver Reaktioun fir d’Attacken géint eis liberal Demokratie ze konteren; 2. Nee soen a widderspriechen am Numm vu Valeuren; 3. Resistéieren am Kader vun engem laangfristege Gesellschafts- a Politikprojet.
Wéi een ufänkt ze resistéieren, hunn d’Majoritéit vun eisen Deputéierten an de leschte Woche gewisen. Am Numm vum Respekt vun den individuelle Fräiheete vun all Bierger a Biergerin, egal wat hir Originnen, hir Relioun, hiert Ausgesinn oder hir sexuell Orientéierung ass, hunn DP, CSV, LSAP, Déi Gréng, déi Lénk an d’Piraten de 15. Februar d’Parteipresidentin vum ADR opgefuerdert déi néideg Sanktioune géint den ADR-Deputéierten Tom Weidig ze ergräifen, deen e Commentaire fir “LGTBQ ze vernichten” geliked huet.
De Fred Keup versicht Lëtzbuerger an Auslänner géinteneen auszespillen
Am Dezember war et d’Sam Tanson vun Déi Gréng, déi am Kader vun de Budgetsdebatten déi auslännerfeindlech Tirad vun engem aneren ADR-Deputéierten, dem Fred Keup, kloer zeréckgewisen huet. Wärend d’grouss Majoritéit vun de Lëtzebuerger Politiker a Politikerinnen zënter Joerzéngten den essentiele Bäitrag vun de Mënschen, déi am Laf vun der Zäit op Lëtzebuerg komm sinn, zur Entwécklung vun der Lëtzebuerger Wirtschaft, Demographie, Gesellschaft a Kultur ënnersträichen an doriwwer eraus betounen, datt mir ouni si, wéi d’Sam Tanson et ausgedréckt huet, “de Buttek hei zu Lëtzebuerg kënnen zoumaachen”, ënnerscheeden ADR wéi AfD, oder Rassemblement national tëscht sougenannte ‘gudden’ a ‘schlechte‘ Migranten. De Fred Keup versicht Lëtzebuerger an Auslänner, Héichqualifizéiert a Mannerqualifizéiert géint eneen auszespillen. Grad déi Schwächst, wéi Mënschen déi op der Flucht sinn a Schutz zu Lëtzebuerg fonnt hunn, gi vun him op eng infekt Aart a Weis zum Sënnebock fir d’Problemer zu Lëtzebuerg ofgestempelt.
Éischt Resistenz an der Chamber war ee gudden Ufank
Am Zesummenhang mat eise Fuerschungen zu Resistenz a Kollaboratioun am Zweete Weltkrich kréie mir als Historiker oft déi heite Remark gemaach: “Mir wëssen net wéi mir eis deemools beholl hätten?” “Dat ass richteg,” äntweren ech dann, “mee déi zentral Fro ass eng aner. An zwar: Wéi verhale mer eis haut?” D’Resistenz vun DP, CSV, LSAP, Déi Gréng, Déi Lénk an d’Pirate géint faschistoid a xenophob Tendenzen an der Chamber ass e gudden Ufank.
Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënnert der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.