Radioen

On air

Tockcity  |  Champion, Four Tet, Skrillex - Talk To Me Feat. Naisha

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi sollen ëffentlech Institutioune mat X ëmgoen?

Sozial Medien

Wéi sollen ëffentlech Institutioune mat X ëmgoen?

D’Zäiten, an deenen et fir grouss Institutiounen normal war, iwwer Twitter ze kommunizéieren, sinn eriwwer. Eng ganz Rei ëffentlech Acteuren hunn d'Plattform verlooss, zënter datt den Elon Musk se opkaaft an an X ëmbenannt huet a seng eege Reegelen drop ageféiert huet. Och ëmmer méi Lëtzebuerger Institutioune verloossen d'Plattform.

auto_stories

4 min

headphones

3 min

© Jo Diseviscourt play_arrow
(Foto: Jo Diseviscourt)

Text: Jimmy Bruch

Ëmmer méi dacks gëtt der Plattform X ënner der Leedung vum Elon Musk virgeworf vum Milliardär fir seng politesch Interesse mëssbraucht ze ginn. Net zulescht well hie sech, wéi nach rezent an Däitschland mat senge pro-AfD Aussoen, an déi europäesch Politik amëscht an d'Inhalter op der Plattform wéineg moderéiert oder kontrolléiert ginn.

Gemeng Diddeleng wëllt mam gudde Beispill vir goen

Mam Läsche vun hirem X-Konto wëllt d'Gemeng Diddeleng beispillsweis een Zeeche setzen. Et wéilt een d'Plattform net weider ënnerstëtzen, esou de Buergermeeschter Dan Biancalana.

“Fir ganz kloer een Zeechen ze sëtzen als ëffentlech Entitéit mat Wäerter, déi mir vertrieden. A wa mir op enger Plattform sinn, wou déi dote Wäerter net méi vertruede sinn - vun der Diversitéit, vun der Toleranz, vum Respekt - dann hëlt een natierlech déi Decisioun dovunner fortzegoen.”

D'Gemeng Diddeleng ass net eleng. De Ministère de la Digitalisation huet scho méi laang opgehalen X ze benotzen. Den Notze wier net grouss genuch fir d'Plattform weider wëllen ze ënnerstëtzen, heescht et op Nofro hin. Och beim Gesondheetsministère heescht et, datt de gréissten Deel vun den Inhalter, déi vun der Direktioun vu X promovéiert gëtt, net méi mat de Wäerter, déi de Ministère vertrëtt a verdeedegt, kompatibel wier, esou e Spriecher.

Eng Anti-X-Beweegung brauch Gewiicht

De Medienexpert Raphaël Kies vun der Uni.lu begréisst dësen Trend. Hie confirméiert, wéi wichteg et ass, datt d'Regierung sech fir hir Wäerter asëtzt.

“Effectivement il est important que des gouvernements qui soutiennent certaines valeurs démocratiques, de liberté d’expression, mais en même temps qui veulent éviter la propagation - à travers les réseaux sociaux - de désinformation, et qui veulent des réseaux sociaux qui soient plus et mieux regulés, démontrent qu’ils ne sont plus d’accord de faire partie d’un réseau social qui est tout-a-fait problématique.”

Doriwwer eraus ass hien och der Meenung, datt een nach méi wäit misst goen. Et wier wichteg op Regierungsniveau ze handelen, an net jidderee fir sech decidéieren ze loossen, wéi de Premier Luc Frieden an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro gesot huet.

Et wier wichteg, der Beweegung dat néidegt Gewiicht ze ginn, esou de Raphaël Kies.

“Je pense que ça ferait plus de sens et que ça donnerait plus de lisibilité au Gouvernement s’il y avait une action concertée pour dire voilà, on fait le choix de sortir du réseau social X, et on a choisi une alternative à ces réseaux sociaux. Ca aurait beaucoup plus de poids si cela ferait partie d’une action concertée.”

Europa ass gefuerdert

Ëmmer méi Leit bezéien Informatiounen iwwer sozial Netzwierker. Dëst wier och iwwer d'Plattform X eraus problematesch, wéinst der Aart a Weis, wéi déi meescht Netzwierker funktionéieren, esou de Raphaël Kies.

“Les réseaux sociaux, tout le monde le sait maintenant, vous mettent dans des bulles qui confirment vos opinions et qui ne vous confrontent pas à une pluralité d’opinion.”

Dem Mediefuerscher no stellt sech an Zäite vu Kënschtlecher Intelligenz a wéineg reguléierten online Plattformen d'Fro, wéi een an Zukunft den Accès op qualitativ a plural Informatioun ka garantéieren. An och hei gesäit de Raphaël Kies, deen och Member vum Verwaltungsrot vum radio 100,7 ass, eng gewësse Responsabilitéit bei der Regierung.

“Peut être qu’il faudrait réfléchir, comme il y a des médias de service public, comme la radio 100,7, il faudrait réfléchir à mettre en place des réseaux sociaux de service public et une intelligence artificielle de service public. Cela me semble une réflexion indispensable à avoir.”

Iwwerdeems wier et awer net eleng un der Lëtzebuerger Regierung fir ze handelen. Et misst ee sech virun allem op europäeschem Niveau dorëms beméien, Léisunge fir d'Zukunft vun der digitaler Informatioun ze fannen, esou nach de Raphaël Kies.

Lauschterenplay_arrow