Mam neie Projet zu Miersch sollen nach eng Kéier 1.000 Bette de Studenten eng Schlofméiglechkeet bidden, aktuell huet d'Uni ronn 6.000 Studenten. Dëst Joer hätt een 900 Demandë fir e Logement erakritt a momentan wieren nach ronn 200 Persounen op Waardelëschten.
Strikt Krittären
D‘Uni huet strikt Krittären no deene se Wunnenge vergëtt: Virrang hätten zum Beispill Studenten déi just fir ee Semester op Lëtzebuerg kommen, déi soss sou séier kee Logement géife fannen. Et géifen och Leit ginn, déi bis zu 80 Kilometer vun der Uni ewech wunne ginn an dofir riskéiere géife méi wéi zwou Stonnen ze brauche fir op de Belval ze kommen. Och deene Studente géif d'Uni an der Reegel ee Logement ubidden.
Och Bachelor-Studente géif ee virrangeg ënnerstëtzen. Dobäi géif een drop uecht ginn, datt et eng Mixitéit bei de Geschlechter, den Nationalitéiten an dem Alter géif ginn. De Logementskontrakt vun der Uni ass typescherweis sechs Méint laang a vum leschte Joer u kënnen d'Kontrakter och bis eng Gesamtlafdauer vun dräi Joer verlängert ginn.
Ëmmer méi Arnaquen
D'Uni géif Logementer vu 400 bis maximal 1.000 Euro pro Mount ubidden an et géif mëttlerweil och Residenze ginn, déi sech op Studenten als Cliente spezialiséiert hunn. D'Catherine Léglu stellt mëttlerweil awer och ëmmer méi Arnaquë fest. Studente sollten dofir ni Suen iwwerweisen, ier se op Lëtzebuerg kommen.
EU-Bierger kéinten och an dat not Grenzgebitt wunne goen wa si um Lëtzebuerger Terrain kee Logement fannen, seet d'Vize-Rektorin, Net-EU-Bierger hätten déi Méiglechkeet net.