Radioen

On air

Mëttesrascht  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Wéi nohalteg sinn d'Ekippe bei den Olympesche Spiller 2024?

Paräis 2024

Wéi nohalteg sinn d'Ekippe bei den Olympesche Spiller 2024?

Fir Olympesch Spiller ze organiséieren ass d’Gaaschtstad dacks gewëllt, déif an de Portmonni ze gräifen. Paräis 2024 huet bei sengen Investitioune virun allem Wäert op Nohaltegkeet geluecht. D’Stadie goufe renovéiert amplaz nei gebaut, de Vëlosreseau an der Stad gouf massiv ausgebaut an d'Paräisser:inne sollen erëm kënnen an der Seine schwammen. Mee wéi gesäit d'Nohaltegkeet bei den Ekippen op der Plaz aus?

auto_stories

3 min

headphones

4 min

© Tessy Troes play_arrow
Foto: Tessy Troes

Fir Lëtzebuerg waren alles an allem 13 Sportler:inne bei den Olympesche Spiller am Asaz, ee méi wéi zu Tokyo. Déi ganz Delegatioun zielt iwwer déi 2 Wochen iwwer 45 Leit, dorënner och d'Marie-Jo Ries, Responsabel fir dee sougenannte Games Management, där d'Nohaltegkeet um Häerz läit.

“Et muss een einfach méi klimaneutral ginn, well soss kritt de Sport jo och geschwë Schwieregkeeten, wéi lo mam Vëlo, et gëtt ëmmer méi waarm, et gëtt ëmmer méi schwiereg, dee Sport ze maachen.“

Keng Klimaanlagen?

Am Virfeld war eent vun de grousse Versprieche vun den Organisateure vu Paräis 2024 keng Klimaanlagen ze benotzen. Dat géif och gutt goen, wann ee moies als éischt gutt lëft an dann d'Rolllued zoumécht. 

"Et sinn halt awer och genuch Kummeren, déi einfach just eng Riddo hunn. An da stellt een do awer eng Klimaanlag ran.”

D'Schwieregkeet Leeschtungssport an Nohaltegkeet ze vereinbaren

All Lëtzebuerger Athleet:in hätt eng Waasserfläsch fir opzefëlle kritt. Mee am Olympeschen Duerf kéint ee scho feststellen, datt natiouneniwwergräifend vill Leit op d'Plastiksfläsch aus dem Automat zeréckgräifen. D'Marie-Jo Ries kann dat awer och novollzéien: D'Sportler:inne missten deelweis immens drop oppassen, wat si zou sech huelen.

Leeschtungssport an ekologescht Denke wier alles an allem schwéier ze vereinbaren, esou d'Marie-Jo Ries.

“Et ass ee permanent an engem Zwiispalt. Op där enger Säit huet een d’Performance, déi am Fokus steet, an op där anerer Säit wëllt ee méi nohalteg sinn.”

Bei der offizieller Tenue fir d'Team Lëtzebuerg géif ee schonn zanter Jore mat recycléiertem Material schaffen. Mee et wier een ëmmer nach op der Sich no engem europäesche Fournisseur, deen och fir e Land mat der Gréisst wéi Lëtzebuerg gewëllt ass esou kleng personaliséiert Quantitéiten hierzestellen.

Proximitéit ass ee Virdeel

Doduerch, datt déi Olympesch Spiller dëst Joer méi no u Lëtzebuerg waren, hätt een insgesamt och méi Material matgeholl:

“Well et sou no ass, hu mir geduecht, ok da profitéiere mir, datt mir vill méi kënne mathuelen a kucken, wat dat bréngt. A mir mierke schonn, et bréngt scho wierklech eppes. An d'Athleete sinn och mega dankbar, dat mierkt een och, datt si dat appreciéieren.”

Zanter Hierscht 2023 ass Lëtzebuerg dann och Deel vum Ocean's Project, eng Initiativ déi d’Olympesch Kommiteeën aus Europa dozou beweege wëllt, méi klimaneutral ze ginn. Lëtzebuerg géif do am direkte Verglach vum CO2-Ausstouss relativ gutt leien.

Déi nächst Olympesch Summerspiller sinn a véier Joer zu Los Angeles an den USA. Do géif da leider kee Wee laanscht de Fliger féieren, esou nach d'Marie-Jo Ries.

Lauschterenplay_arrow