Radioen

On air

Notturno  |  Kyle Kidd - Tms

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Wéi no si mir un enger Fussball-EM-Qualifikatioun?

Lëtzebuerg géint Georgien

Wéi no si mir un enger Fussball-EM-Qualifikatioun?

Historesche Match fir d'Rout Léiwen haut a Georgien. Mat zwou Victoiren haut an den Dënschdeg wier d'Lëtzebuerger Ekipp an dräi Méint an Däitschland dobäi. Fir Lëtzebuerg wier dat déi éischt Qualifikatioun iwwerhaapt fir en internationalen Turnéier.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© picture alliance / HMB Media | Joaquim Ferreira play_arrow
(Foto: picture alliance / HMB Media | Joaquim Ferreira)

60 Joer sinn et hier, datt Lëtzebuerg sech bal qualifizéiert hätt. Deemools huet een den entscheedende Match knapp mat 1-0 géint Dänemark verluer.

Ëmsou méi grouss ass d’Hoffnung fir haut den Owend.

"Net vun eisem Nodeel“

E Fakt, deen de Lëtzebuerger kéint an d’Kaarte spillen ass deen, datt de Khvicha Kvaratskhelia, genannt Kvara, beschte Spiller vu Georgien, mat engem Wäert vun 80 Milliounen Euro, den Owend net wäert spillen. Dat well hie fir dëse Match gespaart ass.

Och de Marc Diederich, Pressespriecher vun der Lëtzebuergescher Fussball Federatioun FLF, weist sech dowéinst optimistesch.

“Ech ka mir scho virstellen, datt dat schonn net zu eisem Nodeel ass, datt deen net dobäi ass. Also ganz éierlech, muss ee scho soen, dat wäert scho vläicht e bësse schwéier op hinne weien.”

Awer och Lëtzebuerg muss op wichteg Spiller verzichten. Den Danel Sinani ass no senger Rouder Kaart a Liechtenstein fir zwee Spiller gespaart, an de Vincent Thill gouf grad un de Kräizbänner operéiert.

Héijen Drock fir béid Säiten

En historesche Match ass et awer net nëmme fir Lëtzebuerg. Och Georgien huet sech bis elo nach ni fir eng Europameeschterschaft qualifizéiert. Den Drock ass also op béide Säiten héich. De Marc Diederich mengt awer, datt d’Nervositéit bei de Spiller sech a Grenze géif halen.

“Jo, ech mengen, d'Jongen si wierklech, wierklech fokusséiert a konzentréiert op de Match, an ech hu bis elo nach net gesinn, datt do eng iwwergrouss Nervositéit wier”.

Falls Lëtzebuerg dann den Owend géif gewannen, geet et nächsten Dënschdeg weider an d’Finall vun de Playoffs. Géigner dann ass de Gewënner vum Match Griichenland géint Kasachstan. Dee Match wier dann hei zu Lëtzebuerg. 

Lauschterenplay_arrow