Radioen

On air

Notturno  |  Great Mountain Fire - What You Want Me To Be

play_arrow Live
search

/ Wéi leeft eng Bluttspend of?

Reportage

Wéi leeft eng Bluttspend of?

Zejoert hu sech ronn 2.500 nei Persoune bei der Croix Rouge ageschriwwe fir Blutt ze spenden. Ronn 1.700 vun deene sinn am Endeffekt och fir d’Bluttspend a Fro komm, respektiv hunn et och gemaach. Als Bluttspender muss een nämlech nämlech eng Partie Krittären erfëllen.

auto_stories

4 min

headphones

5 min

© Bigstock / ginasanders play_arrow
Foto: Bigstock / ginasanders

Kuerz no néng Auer am Centre de Transfusioun sanguine (CTS) an der Stad: Eng nei potentiell Spenderin ass grad am Accueil ukomm. Ier si spende kann, muss si an eng éischt Bluttanalys, erkläert den Dokter David Dorkel.

"Cette première prise de sang nous permet d’avoir une première détermination du groupe sanguin, qui sera complétée par une deuxième détermination après les tests d’éligibilité."

Fir ze kucken, ob een eligibel ass, fir Blutt oder Plasma ze spenden, muss ee fir d’éischt am Wartesall e Formulaire ausfëllen. Dat gëllt esouwuel fir nei, ewéi och fir reegelméisseg Spender. Am Wartesall gëtt et eng kleng Stäerkung a Waasser ier et lassgeet.

"La piqûre, ce n’est pas tout à fait mon truc"

Zwou Frae waarden drop, opgeruff ze ginn. Fir eng ass et déi zweete Kéier, datt si Blutt spende kënnt. Hir éischt Erfarung war éischter positiv.

"Ganz, ganz ok. Ech si gutt opgekläert ginn. Si hu mir alles erkläert. Et war ganz gutt ofgelaf. Si si ganz léif hei. Dofir hunn ech geduecht, dat ass eng gutt Saach."

Eng nei potentiell Bluttspenderin lauschtert gespaant no. Nervös wierkt si op den éischte Bléck net, mee si huet laang gezéckt fir ee Rendez-vous ze huelen.

"Oui, j’ai hésité depuis des années. Parce que la piqûre, ce n’est pas tout à fait mon truc. Mais, je me suis dit, voilà, on le fait. Et puis c’est bon."

Puer Minutten drop ginn déi zwou Fraen opgeruff fir mat engem Dokter hire Formulaire duerchzegoen. Den Dokter gëtt a béide Fäll gréng Luucht. Nieft Gewiicht, Alter a Gesondheetszoustand, ginn zum Beispill och déi lescht Reesen a sexuell Relatioune genee ënnert d‘Lupp geholl. Vun der Bluttspend bis bei déi final Bluttkonserv, verginn tëschent 24 bis 48 Stonnen.

470 Milliliter Blutt

Da geet et weider an d’Salle de Prise. Dräi Spender leie schonn op gepolsterte roude Still a kréie Blutt ofgeholl. Parallel gëtt och eng Bluttanalys gemaach. Gewéinlech dauert et 6 bis 8 Minutten, bis de Beidel voll ass, seet den Dokter Dorkel. Voll heescht: 470 ml.

"Et une fois que la poche est collectée, le donneur peut aller en cafétéria, pour manger et boire quelque chose. Tandis que la poche va être installée dans des boîtes avec des plaques froides. Et la poche à ce moment-là commence à vivre sa vie en autonomie."

Fir de Beidel mam Blutt geet d’Rees duerno weider an de Service Production.

"Pour faire ce qu’on appelle des concentrés globules rouges d’un côté, on va récupérer une partie plasmatique et une partie de plaquettes. Ces trois éléments sont séparés, vont devenir trois produits sanguins différents et donc restent en attente de la validation du laboratoire, avant qu’ils puissent être transférés aux services de distribution où ils rentrent dans la banque nationale de sang."

Do ginn d’Bluttkonserve stockéiert bis se vun de Klinicke gebraucht ginn. Bis zu 42 Deeg hält sech eng Bluttkonserv.

"La partie plasmatique peut durer beaucoup plus longtemps, comme il n’y a pas de cellules dedans, ce sont des produits qu’on peut congeler. Et la partie la plus fragile, ce sont les plaquettes. On peut les garder que sept jours."

Plasma spenden ass all Mount méiglech

Wärend den Dokter Dorkel weider erkläert, huet déi nei Bluttspenderin aus dem Wartesall éinescht et bal gepackt. Hire klengen Tëschebilan:

"Très bien. Très agréable. On est super bien formé, donc on voit quand les gens prennent soin de chaque bénévole. Et ça ne fait même pas mal."

An esou huet d’Croix Rouge mat grousser Warscheinlechkeet eng Bluttspenderin dobäi gewonnen.

Rezent hat d’Croix Rouge op en neits een Opruff fir Bluttspende gemaach. Virun allem wärend de Schoulvakanzen a wärend der Grippesaison ginn d‘Reserven nämlech knapp. Frae kënnen all 4 Méint Blutt spenden, bei de Männer ass et all dräi Méint. Plasma spenden ass all Mount méiglech. Fir Informatiounen oder ee Rendez-vous, kuckt op dondusang.lu.

Lauschterenplay_arrow

D'Andrée Heinricy, Doktesch am Blutttransfusiounszenter vum Roude Kräiz, erkläert, wie Blutt spende kann, wéi dacks een dat maachen däerf, wou dat méiglech a firwat et wichteg ass.

Lauschterenplay_arrow