Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
search

/ Wéi klima- an ëmweltfrëndlech ass mäin E-Auto?

Hëllef beim Choix vun engem Elektroauto

Wéi klima- an ëmweltfrëndlech ass mäin E-Auto?

Op oekotopten.lu kann ee sech iwwer d'Ëmweltfrëndlechkeet vun allerlee Alldagsgéigestänn informéieren. Dat geet vu Frigoen iwwer Wäschmaschinnen an Televisioune bis hi bei Smartphonen. Zënter méi wéi zéng Joer publizéiert oekotopten.lu och ëmmer fir den Autosfestival eng Lëscht vu Modeller, déi aus ekologescher Siicht am mannste bedenklech sinn.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

E-Auto | © Bigstock play_arrow
E-Auto (Foto: Bigstock)

Um Internetsite oekotopten.lu sti fir den Autofestival 2025 ganzer honnert Modeller drop, an dat sinn exklusiv Elektrescher. De Camille Muller vun oekotopten.lu erkläert am 100,7-Interview, datt een – zënter datt just E-Autoen an d’Lëscht mat opgeholl ginn – nach ni esou vill Autoe bewäert huet.

Zënter véier Joer gi just nach Elektroautoen an der Lëscht opgefouert. Dës Autoe sinn aus Klima- an Ëmweltsiicht ze recommandéieren, wéi de Camille Muller erkläert.

“Mir hu Krittären, déi kann een och bei eis um Site nokucken. Déi Krittären, déi staffele mir no Kilowattstonn pro 100 Kilometer an déi hale sech och plus minus un dat, wat ee beim Staat als Primm kritt. Just bei de Siwe-, respektiv Néng-Sëtzer, do si mir nach e bësse méi héich, mee dat sinn och speziell Autoen.”

Den SUV-Trend

Och a Saachen Elektromobilitéit ass net alles Gold, wat glënnert, esou de Fazit vun oekotopten.lu. De Camille Muller erkläert, datt ee sech virun allem un den Dimensioune vun den neien Autoe stéiert: Ëmmer méi grouss, ëmmer méi schwéier. Den Trend hin zum SUV wier de Grond hei vir. “Et ginn och kompakt SUVen, déi responsabel sinn”, esou de Claude Muller. Mee allgemeng geet d’Gewiicht vun den Autoen awer erop. Dat huet awer och net just mam SUV-Trend ze dinn.

“Et muss een awer och soen, dass den Trend zu méi schwéieren Autoen och eppes mat der Batterie ze dinn huet. Et gëtt ee sech jo och net gäre mat enger Batterie zefridden, wou ee just 200 Kilometer fiert.”

Wann een natierlech déi Autonomie wéilt hunn, déi ee mat engem Verbrenner huet, da brauch een eng Batterie mat enger grousser Capacitéit. An dat bedeit méi Gewiicht. “Dat ass och natierlech ee Faktor, deen do domat raspillt”, esou de Claude Muller.

Denkfeeler beim Kaf vu Microautoen 

General réit oekotopten.lu souwuel vun extra décken, wéi och vun extra klengen Elektroautoen of.

“Bei den extra Klengen, do viséiere mir haaptsächlech d'Microautoen, wat eng ganz flott Saach ass, wann ech een zweeten Auto brauch, an ech weess, mat deem ginn ech just bis bei de Bäcker meng Mëtsche kafen.”

Mee bei där Iwwerleeung géing sech awer een Denkfeeler aschläichen, esou de Claude Muller. Wann et nämlech nëmmen drëms geet, ganz kuerz Distanzen ze meeschteren, da misst een eng Alternativ zum Auto sichen, an net ee ganz klengen Auto. “Mir wëllen net responsabel sinn, fir dass nach méi Autoen an de Verkéier kommen”, seet de Claude Muller.

Lauschterenplay_arrow