Radioen

On air

Notturno  |  Rodney Franklin - Endless Flight

play_arrow Live
search

/ Wéi kënnen Demokratie a Rechtsstaat ënnert dem Donald Trump garantéiert bleiwen?

USA

Wéi kënnen Demokratie a Rechtsstaat ënnert dem Donald Trump garantéiert bleiwen?

"An den USA ass d’Demokratie a Gefor": Dat ass ee Saz, deen een zënter datt den Donald Trump nees President ass, méi dacks nees héieren huet. Mee kann een dat wierklech esou soen? Mir hunn de Politolog vun der Uni Lëtzebuerg Robert Harmsen gefrot.

auto_stories

2 min

headphones

7 min

Robert Harmsen | © Jo Diseviscourt play_arrow
Robert Harmsen (Foto: Jo Diseviscourt)

Schonn a sengen éischten Deeg als President huet den Donald Trump Decisioune geholl, déi de Fonctionnement vum Rechtsstaat a Fro stellen. Dat bescht Beispill si wuel déi sëllege Begnodegungen, déi den Trump gesprach huet. Leit, déi viru 4 Joer de Kapitol ugegraff hunn, sinn nees op fräiem Fouss.

De Politolog Robert Harmsen stellt de Fonctionnement vum amerikanesche Rechtsstaat net a Fro, mee gesäit en awer menacéiert. Den “tissu démocratique” géing mat all Menace méi zerrass ginn. Am 100,7-Interview mierkt de Robert Harmsen awer och un, datt den Joe Biden och ganz vill Pardone geschwat huet. 

De Risiko zu enger "lame duck" ze ginn

Datt den Donald Trump direkt an den éischten Deeg eng Onmooss u Mesure geholl huet – dorënner den Austrëtt aus der WHO an aus dem Paräisser Klimaofkommes – dat wier normal, esou de Politolog. Grad ganz am Ufank vun enger Amtszäit ass den Afloss vum President am gréissten. Et wier een taktesche Choix, an hätt d’Wierkung vun engem Schock.

Mee dat wäert manner ginn, seet de Robert Harmsen. Ausserdeem sinn an zwee Joer well d’Midterms, wou net garantéiert ass, datt d’Republikaner hir absolut Majoritéit bäibehalen. Dobäi kënnt, datt och den Donald Trump a senger zweeter Hallschent vum zweete Mandat zu enger “lame duck” gëtt. Dat heescht, datt hien et schwéier kritt, Saachen duerchzesetzen, well him d’Zäit dee Moment fortlafe wäert.

Aussepolitesch kéint méi Schued entstoen

Innepolitesch kënnt nach dobäi, datt d’USA als Föderalstaatganz dezentraliséiert funktionéieren. Och dat wier Deel vum demokratesche System an den USA, well d’Bundesstaaten an hir Geriichter als eng Aart Brems wierke kënnen.

Aussepolitesch ass kloer, datt den Donald Trump net vill vum Multinationalismus hält. An do gesäit de Robert Harmsen och eng gréisser Gefor. Déi international Relatioune kéinte laangfristege Schued huelen, fäert de Robert Harmsen. Och, well den Donald Trump net zéckt, fir beispillsweis Douanestariffer als Mëttel ze benotze fir aner politesch Ziler ze erreechen.

Lauschterenplay_arrow