D‘Queen Elizabeth suergt als DJ um Glastonbury Festival an England fir gutt Stëmmung. Datt esou een TikTok-Video mat Kënschtlecher Intelligenz generéiert gouf, ass evident. Schliisslech weess een, datt d‘Royals net op Festivaller optrieden, an datt d‘Queen dout ass.
Virun e puer Joer nach einfach ze erkennen
KI-Videoe vun der Queen, wéi si rappt, am Supermarché akeeft oder virun der Police fortleeft, sinn op TikTok zum Trend ginn. D‘Gefor, datt iergendeen déi eescht hëlt, ass kleng.
Mee net all KI Bild a Video ass esou liicht ze erkennen. Viru ronn véier Joer, wou déi éischt generéiert KI-Modeller Biller produzéiert hunn, konnt een nach zimmlech liicht rausfannen, datt et keng richteg Fotoe waren.
Hänn, Oueren an Aen hunn oft komesch ausgesinn. Eng Persoun hat bemol sechs Fangeren, oder ganz verdruddelt Oueren. Wann zum Beispill Bicher am Hannergrond waren, dann huet d‘Schrëft vun den Titelen ausgesinn, wéi wa se vun Ausserierdesche geschriwwe gi wier.
Feeler gi méi seelen
KI-Modeller sinn op riseg Menge vun Daten trainéiert a Feeler trieden op, wann et un héich qualitativen Date feelt. Et ass bëssen, wéi wann een eng Persoun géing ustellen, eng Giraff ze molen, déi esou een Déier nach ni - oder vläicht souguer just hallef - gesinn hätt. Do géingen dann och komesch Resultater rauskommen, well déi Persoun eeben net genuch Informatiounen hätt.
De Moment erkennt een nach a verschiddene KI-Biller Saachen, déi net logesch sinn, wéi Trapen, déi néirens hiféieren, oder e Schiet, dee net bei d‘Liichtquell an der Foto passt.
Mee all dës Feeler ginn ëmmer méi seelen, well d‘Technologie immens Fortschrëtter mécht. An et gëtt ugeholl, datt ee gläich guer net méi erkennt, ob ee Bild mat KI generéiert gouf oder net. Mee wat soll een da maachen?
Et si bewährte Strategien, déi elo ëmmer méi wäertvoll ginn. Hei gëtt et zum Beispill eng Method, déi vum Mike Caulfield, engem amerikaneschen Expert an der Digital Literacy entwéckelt gouf. Déi heescht SIFT an ass iwwregens och ganz gutt, fir Fake News ze erkennen.
Den S vun SIFT steet vir "Stop"
Wann eppes beweegend ass, vläicht well et immens traureg oder witzeg ass, oder well et ee rose mécht, dann huet ee besser, et waart een, ier een et deelt oder e Kommentar dobäi schreift. KI-Biller an och Fake News si gemaach, fir grouss Emotiounen ze generéieren, esou datt se eebe vill gedeelt ginn.
Den I steet fir "Investigate the Source"
Et soll ee kucken, wien dës Informatioune publizéiert. Wat weess een iwwer déi Persoun oder Organisatioun, déi dohanner stécht? Hunn déi déi richteg Expertis? A sinn déi vläicht souguer politesch motivéiert?
Wann zum Beispill ee sech net sécher wier beim Video vun der Queen, dee kéint sech den Account méi genau ukucken, deen de Video gepost huet. An dësem Fall ass et eng Persoun, déi sech op KI-DJ Memes spezialiséiert, an dat och ugëtt. Dann ass eeben och séier confirméiert, datt et KI ass.
Hei gëtt et iwwregens och eng KI-Versioun vun der Princess Diane, déi als DJ opleet.
Den F steet fir "Find Better Coverage"
Wann d‘Queen wierklech um Glastonbury opgeluecht hätt, dann hätt de Guardian an d‘BBC bestëmmt och dovu bericht. Do ass awer näischt vun hirem groussen Optrëtt ze fannen. Et kann een also unhuelen, datt et fake ass. Dofir ass et derwäert, den Tour vun den Noriichtesäiten ze maachen, wann een eppes ganz Erstaunleches liest oder gesäit.
Den T steet fir "Trace the claim to its original context"
Et ass wichteg, d‘Quell vun engem Zitat ze sichen. Well et wëll ee sech net nëmme vergewësseren, datt eppes wouer ass, mee och datt et net aus dem Kontext gezu gouf. Zemools wann Zitater als Memes gedeelt ginn, ass et gutt, e bësse Recherche ze maachen.
Dat ass also d‘Sift Method, an där et eigentlech just dorëm geet, kritesch ze denken, Saachen ze hannerfroen, an eebe vill ze liesen. Mee heiansdo geet och dat net duer.
Dat hu viru Kuerzem vill Telespectateuren a Groussbritannien ze spiere kritt, wéi an engem Dokumenter iwwer KI d‘Journalistin bemol dat hei sot:
"In a British TV first, I’m actually an AI presenter. Some of you might have guessed. I wasn’t on location reporting this story. My image and voice were generated using AI."
De Sender Channel 4 huet domat demonstréiert, wéi schwéier et mëttlerweil ass, fir KI-Biller ze erkennen. An et weist eeben och, datt am Zäitalter vu KI ëmmer méi Onsécherheet beim Mediekonsum opkënnt