Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Wéi geet et viru mat de Bluttspenden hei am Land?

Een zukünftegen Etablissement public?

Wéi geet et viru mat de Bluttspenden hei am Land?

D'Fro no de Bluttspende stellt sech, nodeems d'Gesondheetsministesch Martine Deprez d'lescht Woch an der Chamber duerchblécke gelooss huet, datt si de Blutt-Transfusiounszenter vun der Croix-Rouge wéilt zu engem Etablissement public maachen, well déi Aktivitéit am Moment defizitär ass. Wéi zefridden ass d'Croix-Rouge domat?

auto_stories

3 min

headphones

7 min

Croix Rouge luxembourgeoise | © Croix Rouge luxembourgeoise play_arrow
Foto: Croix Rouge luxembourgeoise

D'Croix-Rouge huet viru Kuerzem en dréngenden Appell gemaach fir Blutt ze spenden, well et am Moment just nach eng Reserv fir véierzéng Deeg gëtt.

Reegelméisseg Appeller hëllefen

Där Appeller mécht d'Croix-Rouge och reegelméisseg, a se géingen och eppes bréngen, seet de Generaldirekter Michel Simonis.

"Mir hunn dëst Joer nach net allze vill Appeller misste maachen, fir méi Spenden ze kréien. Mee et ass am Moment effektiv een Déif an eiser Statistik, dee mir feststellen, an do musse mir remediéieren."

Dobäi kënnen natierlech net just enregistréiert Bluttspender deem Appell nokommen, mee och Leit, déi nach ni Blutt gespent hunn, preziséiert de Michel Simonis. Et misst een och net méi eng gewëssen Zäit duerch Tester goen, éier een déi éischt Spend kéint maachen.

"Zënter enger Rei Joren ass et esou, datt effektiv déi éischt Kéier et e bësse méi laang dauert, well mir fir d'éischt een Test maachen. Mee et kann een am Moment, och wann een als neie Bluttspender kënnt, schonn direkt déi éischt Kéier eng Bluttspend maachen."

E fragille System

Eng Schoulvakanz an eng Well vun Otemweeerkrankunge ginn awer duer fir de Stock u Bluttkonserven un eng geféierlech Limitt ze bréngen. E fragille System also. Dat weess och de Generaldirekter vun der Croix-Rouge. Mee dat géing an der Natur vun der Saach leien. D'Produiten, déi d'Croix-Rouge un d'Spideeler liwwert, kéint een net afréieren oder op eng aner Manéier konservéieren. Et handelt sech ëm Produiten, déi nëmmen eng kuerz Zäit haltbar sinn.

"Mir kënnen also net grouss Stocke maachen, déi mir kënnen iwwer an den Tifküler leeën an dann eréischt benotzen, wa mir se brauchen, soudatt mir effektiv ëmmer eng Gratwanderung hu fir ze kucken, datt mir déi Stocken do à jour halen, an datt mir op engem Niveau bleiwen, datt mir fir ongeféier 14 Deeg laang Stock hunn.”

Weider kann een als Bluttspender awer och gespaart ginn, zum Beispill wann ee verschidde Medikamenter ageholl huet. Et wier och néideg, an deem Punkt streng ze sinn, betount de Michel Simonis. Et dierft een net vergiessen, datt d'Blutt un deels schwéierkrank Leit geet, an dofir misst de Produit engem ganz héije Qualitéitsstandard entspriechen. Et gëtt awer nach e weidere Grond.

"Et gëtt do eng Particularitéit, wat d'Lëtzebuerger Gesetzgeebung ugeet. Zu Lëtzebuerg ass d'Croix-Rouge ganz eleng juristesch haftbar, wann ee Bluttproduit net gutt ass."

Een Etablissement public kéint eng Léisung fir e puer Problemer sinn

Virun enger gudder Woch huet d’Gesondheetsministesch Martine Deprez an der Chamber follgend Ausso gemaach:

"Mir wäerten e Projet de loi ausschaffen, fir de CTS an een Etablissement public ze iwwerféieren, well mir der Meenung sinn, datt dat eng enorm wichteg national Aufgab ass, déi mir och national musse begleeden."

De Michel Simonis war vun dëser Ausso net ganz iwwerrascht. Et wier eng Propositioun vun der Regierung, déi an engem Gespréich mat der Ministesch virun e puer Méint schonn eng Kéier ugeschwat gouf. Als Croix-Rouge hätt een op zwou Froen nämlech gär eng Äntwert.

"Dat eent, dat ass d'Responsabilitéit, déi mir droe mat der Bluttspend. An dat Zweet, dat ass d'Finanzéierung."

D'Finanzéierung wier am Moment ganz komplizéiert. An och d'Responsabilitéit léich am Moment ganz eleng bei der Croix-Rouge. Een Etablissement public kéint eng Äntwert op béid Froe sinn, esou de Generaldirekter vun der Croix-Rouge.

Lauschterenplay_arrow