Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
search

/ Nathalie Frisch: “Et hätt een d’Caritas kënne retten, wann de Wëllen dofir do gewiescht wier”

Member vum Caritas-Verwaltungsrot

Nathalie Frisch: “Et hätt een d’Caritas kënne retten, wann de Wëllen dofir do gewiescht wier”

Caritas hätt kënne gerett ginn, wann de Wëllen dofir do gewiescht wier. Dat sot d’Nathalie Frisch, Member vum Caritas-Verwaltungsrot, de Moien am 100,7-Interview.

auto_stories

3 min

headphones

9 min

play_arrow
Foto: Jo Diseviscourt

De Prêt vu 5 Milliounen Euro vum Staat fir d’Caritas ass an den Ae vun der Nathalie Frisch, Member vum Verwaltungsrot, net d’Léisung fir alles. Si huet de Moien am 100,7-Interview erkläert, datt aner Sue fir zum Beispill d’Bezuele vu Fournisseuren aus dem Verkaf vun Immobilie komme missten. Do géif sech awer d’Fro stellen, wat ee verkafe kéint, a wat net.

"Mir hätte léiwer gehat, wann een éischter eng Hëllef kritt hätt"

D’Affekotin huet donieft erkläert, datt déi 5 Milliounen Euro bis elo nach net um Caritas-Kont wieren, wat awer relativ séier goe misst.

Woubäi eege Rechnungen drop hiweise géifen, datt méi Sue geschëlt wären, sot d’Nathalie Frisch. Doriwwer eraus huet d’Member vum Caritas-Verwaltungsrot och Versteesdemech fir d’Ännere vun der Regierungspositioun. Ee vun de grousse Problemer wieren d’Kreditlinne vun de Banke Spuerkees a BGL.

“(...) dass an deene Kreditlinnen eng Garantie vun de Banke gefrot war, wou, wa Sue vum Staat ze bezuele wieren, déi missten un d’Banke goen.”

An dat obwuel net déi néideg a richteg Ënnerschrëften drop waren, wéi d’Affekotin bemierkt huet. D’Banken hätten obwuel déi Kreditlinne vun der Caritas contestéiert sinn, gesot, “mir hätten déi Sue gär vum Staat”. Deen hätt sech doropshi wëllen ofsécheren an hätt dofir wuel d’Optioun vum Prêt geholl.

“Frou driwwer si mir natierlech net. Mir hätte sécher léiwer gehat, wann een éischter eng Hëllef kritt hätt, eventuell och fir kënne mat den Aktivitéiten iwwerhaapt weiderzefueren. Mee mir si scho frou, dass iwwerhaapt elo mol iwwergangsméisseg ee bereet ass, eng Léisung mat eis ze fannen.”

Eventuell Problemer beim Verkaf vun Immobilien

Fir d’Nathalie Frisch wier et net néideg gewiescht, déi nei Entitéit “Hëllef um Terrain”, kuerz HUT, ze schafen: “Et hätt een d’Caritas kënne retten, wann de Wëllen dofir do gewiescht wier”, huet si wuertwiertlech gemengt.

Riicht eraus war d’Member vum Verwaltungsrot och bei der Fro, ob déi zwou Banke verséchert hätten, datt d’Kreditlinne vun am Ganzen 33 Milliounen op Äis léichen, bis kloer wier, ob déi Linne valabel wieren?

“Neen, op deen Engagement waarde mir bis haut nach. Et ass éischter souguer de Géigendeel. Dat heescht, dass se éischter elo souguer kommen, virun allem d’BGL, fir ze soen, mir fannen, dass mir déi Suen ze kréien hunn.”

Mat deene 5 Milliounen Euro vum Staat géifen elo mol oppe Rechnunge vu Fournisseure bezuelt ginn. Allerdéngs léich een do wuel éischter bei 10, wéi bei 5 Milliounen Euro. Dat méiglecht Verkafe vun Immobilien dierft iwwerdeems net einfach ginn, well een zum Beispill iwwer Ierfschaften doru koum.

A puncto international Kooperatioun wieren nach 25 Leit am Onkloren, mee et geséich dono aus, datt een hinnen, genee wéi aneren net-Konventionéierten, eng Plaz proposéiere kéint. An deem Fall wier kee Sozialplang néideg. A wat de Virworf vum Manktem u Kommunikatioun ugeet, hätt ee kommunikéiert, wann een eng Info hat: Deemnächst wier och eng Reunioun, an där déi Betraffen alles matgedeelt kriten, sou nach d’Affekotin.

De ganzen Interview mat der Nathalie Frischplay_arrow