Radioen

On air

Vue sur mer  |  Divorce - All My Freaks

play_arrow Live
search

/ Wéi eng Koalitioune wieren no de Bundestagswale méiglech?

Däitschland

Wéi eng Koalitioune wieren no de Bundestagswale méiglech?

Zwee Deeg virun de Parlamentswalen an Däitschland klëmmt d’Nervositéit bei de Parteien. An den Ëmfroe läit d’Unioun mat hirem Spëtzekandidat Friedrich Merz zënter Méint kloer op éischter Plaz. Fir eng absolut Majoritéit wäert et awer net duergoen.

auto_stories

1 min

headphones

7 min

© picture alliance/dpa/dpa-Pool | Kay Nietfeld play_arrow
(Foto: picture alliance/dpa/dpa-Pool | Kay Nietfeld)

Eise Korrespondent Matthias Kirsch erkläert, wéi eng Koalitiounsméiglechkeeten sech héchstwarscheinlech wäerten opdoen. Et géifen zwou realistesch Optioune ginn. Eng zimmlech sécher Majoritéit hätt d‘Unioun zesumme mat der SPD. Mam Bündnis 90/Die Grünen kéint et ganz knapp ginn, wier awer eng Optioun. An da gëtt et  rechneresch gesinn nach eng drëtt Optioun, nämlech schwaarz-blo, also d'Unioun mat der AfD. Dës Koalitioun gouf awer vum Friedrich Merz well ausgeschloss.

D'Verhandlunge gi schwiereg

Méiglech Koalitiounsverhandlungen dierften dann och net einfach ginn: Virun allem déi bayresch CSU wiert sech bannent der Unioun géint eng Zesummenaarbecht mam Bündnis 90/Die Grünen. Op där anerer Säit hunn SPD an déi Gréng dem Friedrich Merz et iwwel geholl, datt en e Gesetz mat Hëllef vun AfD-Stëmme wollt duerch kréien, sou nach d’Analys vun eisem Däitschland-Korrespondent Matthias Kirsch.

Gespréich mam Matthias Kirsch

Lauschterenplay_arrow