Radioen

On air

Time Flies  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Quadrell virun de Bundestagswalen: Friedrich Merz schléisst Koalitioun mat AfD aus

Däitschland

Quadrell virun de Bundestagswalen: Friedrich Merz schléisst Koalitioun mat AfD aus

Eng Woch virun de Bundestagswalen an Däitschland stoungen d'Kanzlerkandidaten a -kandidatinne vun SPD, CDU/CSU, Bündnis 90/Die Grünen an AfD sech Sonndegowend an enger Televisiouns-Debatt géigeniwwer. 

auto_stories

3 min

headphones

7 min

© picture alliance/dpa/dpa-Pool | Kay Nietfeld play_arrow
(Foto: picture alliance/dpa/dpa-Pool | Kay Nietfeld)

Bei dësem sougenannte Quadrell op RTL/ntv sot den Uniouns-Kanzlerkandidat Friedrich Merz, d'SPD oder déi Gréng kéime fir hien als méiglech Koalitiounspartner a Fro. Mat der AfD wier CDU/CSU awer weider net bereet zesummenzeschaffen, huet de Friedrich Merz betount. Déi virgezunne Bundestagswal ass dëse Sonndeg. A sämtleche Sondagë läit d'Unioun däitlech vir. 

Dat éischt Theema vum Quadrell war d'Migratioun. Den Olaf Scholz (SPD) huet do gesot, datt d'Migratiounszuele a senger Amtszäit erofgaange wier, an datt och mëttlerweil méi Leit géifen expulséiert ginn aus Däitschland. Eng Virlag fir de Friedrich Merz (Unioun) fir ganz detailléiert op de Fall vun Afghanistan anzegoen.

Theema Ukrain weist, wéi wäit d'AfD vun anere Parteien ewech ass

Grousst Theema war och d'Kritik vum amerikanesche Vizepresident J.D. Vance aus de leschten Deeg. Deen hat ënner anerem gesot, et géif keng Plaz méi gi fir Brandmaueren. Domat huet hie gemengt, datt d'AFD an Däitschland sollt kënne mat regéieren. Eppes wat d'AfD-Spëtzekandidatin Alice Weidel mat Dank ugeholl huet. Si huet dat och genotzt fir ze soen, datt hir Partei sech zanter Jore fir Friddensverhandlungen an der Ukrain ausschwätze géif. Eng Ausso, déi op haart Kritik vum Robert Habeck (Bündnis 90/Die Grünen) gestouss ass: D'AfD hätt eebe kee Problem fir mam Wladimir Putin auszehandelen.

Wat d'Ukrain ugeet, gëtt et zwar liicht Differenzen tëschent SPD, Unioun a Gréngen. Allen dräi si sech grondsätzlech eens, datt Europa muss bei Friddensverhandlunge matschwätzen a sech net virun den USA an dem Donald Trump aus dem Stëbs maachen. D'Theema Ukrain huet u sech just gewisen, wéi wäit d'AfD vun deenen anere Parteien ewech ass.

Och an der Steierpolitik gëtt et tëschent de Parteien duerchaus Ënnerscheeder. SPD a Gréng wëllen déi mat héijem Akommes méi staark besteieren. Bei Unioun an AfD wieren dat déi Leit, déi am meeschte profitéieren. 

Friedrich Merz hat stäerksten individuelle Moment

Ee klore Gewënner gëtt et no der Debatt net. De Friedrich Merz huet awer wuel dee beschten individuelle Moment gehat. Dat nodeems d'Alice Weidel sech beschwéiert hat, Däitschland géif vu Russland net als neutral ugesi ginn. Dorop sot hie ganz hefteg a ganz eendeiteg Däitschland wier net neutral an där Fro, Däitschland géif mat der Ukrain eis Uerdnung verdeedegen.

Eng Zeen, déi an Erënnerung kéint bleiwen, wéinst der konsequenter Aart a Weis, an och wéinst der Spontanitéit, mat där de Friedrich Merz déi Ausso getraff huet.

Zu Berlin hunn iwwerdeems e Sonndeg nees zéngdausende Leit géint Rietsextremismus manifestéiert. Der Police no wieren op d'mannst 30.000 Leit bei der Demonstratioun derbäi gewiescht. D'Organisateure schwätze vu bal 40.000 Leit.

Gespréich mam 100,7-Korrepondent Matthias Kirsch vu München

Lauschterenplay_arrow